Um Donneschdeg konnt een e Lamborghini vun der italienescher Police hei zu Lëtzebuerg gesinn. D'Gefier war aus Holland ënnerwee zeréck an Italien.

D'Gefier gouf souwuel op der Autobunn, wéi och an der Stad selwer gesinn. De Lamborghini an de Begleetauto sinn aus Italien op eng Policeausstellung op Vlissingen an Holland gefuer, déi vum 25. bis de 27. Juli war. Op de Rescue Days gouf et vill Virféierunge a Showe vun Autoen, anere Gefierer, déi am Rettungsdéngscht genotzt ginn, souwéi och direkt Virféierunge vun der Aarbecht. Den italienesche Lamborghini war dann een Deel vun der Editioun 2016.

RTL

© Pascal Hedrich / Facebook

Op hirem Wee si se duerch de Grand-Duché ënnerwee gewiescht, wat esou och bei der Police Grand-Ducale ugemellt war. D'Autoe sinn dowéinst e Méindeg duerch Lëtzebuerg a Richtung Holland gefuer an um Donneschdeg nach eng Kéier duerch de Grand-Duché, fir nees heem ze kommen. D'Punkten, wou si an d'Land koumen an nees erausgefuer sinn, ware souguer definéiert, wéi et vun der Police op Nofro heescht.