Dat waren e Freideg d'Fuerderunge vum Parquet an engem Prozess ëm en déidlecht Accident viru 5 Joer op der A7 am Tunnel Gousselerbierg.

Sechs Méint Prisong mat méiglechem Sursis, eng adequat Geldstrof an e Fuerverbuet vun 48 Méint - dat waren d'Fuerderunge vum Parquet e Freideg an engem Prozess ëm en déidlecht Accident viru 5 Joer am Tunnel Gousselerbierg.

Am Nomëtteg vum 8. Juli 2020 war e polnesche Camion an d'Enn vun engem Stau gerannt. Duerch d'Kollisioun vun deem schwéiere Gefier mat enger Camionnette, waren zwee jonk Männer, allebéid Familljepappen, ëm d'Liewe komm.

De Prozess war dës ganz Woch iwwer um Stater Correctionnel. Grond fir de Stau war deemools eng Automobilistin, där hiren Auto am Tunnel ëmmer méi lues gi war, bis d'Gefier komplett un d'Hale komm war. Hannendrun hat sech du séier e Stau forméiert.

Och d'Fra vun dësem Auto war mat ugeklot, wëll si de Stau ausgeléist hat. Am Prozess huet si op technesch Problemer vun hirem Auto verwisen.

D'Urteel gëtt de 27. November gesprach.