D'Fonction publique wëll an Zukunft méi op déi sougenannten "Risques psychosociaux" bei hire Mataarbechter agoen.

Éischte Schratt an dës Richtung war en Dënschdeg eng Konferenz iwwert d'Gesondheet, Sécherheet a Preventioun am ëffentlechen Déngscht, mat Presentatiounen, Workshops an enger Interventioun vum zoustännege Minister Dan Kersch.

Ëmgang mat psychosoziale Risken

Deemno gëtt dann elo och de gréisste Patron hei am Land am Beräich vun der "Santé mentale" op der Aarbechtsplaz méi aktiv. Allerdéngs hätt een dat Thema bis ewell net vernoléissegt. Dat ënnersträicht d'Coordinatrice vum Ministère de la Fonction publique Paulette Lenert an erkläert, datt dës Krankheeten am ëffentlechen Déngscht bis ewell och nach net sou verbreet ware wéi villäicht am Privatsecteur; sou hätt een zum Beispill keng Sozialpläng, wou Leit missten Angscht hunn ëm hir Aarbecht, ma dofir hätt een awer aner Problemer. Alles an Allem wéilt een awer an Zukunft eben och um Terrain vu vun der Santé mentale méi aktiv ginn.

Als e vun de gréisste Patronen am Land hätt den ëffentleche Secteur gewësse Responsabilitéiten. Allerdéngs wier de Beräich vun de sougenannte "Risques psychosociaux" bis ewell nach net esou ofgedeckt. hei denkt d'Paulette Lenert virun allem un de Stress-Burn-Out.

Mat der Konferenz en Dënschdeg gouf d'Initiative elo un d'Rulle bruecht. Nächst Etapp wier e Sondage bei de Mataarbechter. Dëst wier en éischten Akt fir besser ze verstoen, wéi et de Leit iwwerhaapt geet an da géif ee méiglechst séier och mat engem entspriechenden Aktiounsprogramm ervir kommen.

D'Privatwirtschaft befaasst sech nach net allzelaang mat Stress, Depressiounen an Burn-Out. An de Versteesdemech fir di Betraffe wiisst och nëmme ganz lues. Ma gëllt dat dann och fir d'Fonction publique? D'Paulette Lenert mengt, et wier eben am Allgemengen nach e bëssen en Tabuthema, mee dat sollt et eigentlech net sinn. An egal wou d'Aarbecht ugesidelt wier, wieren d'Leit dach um Enn méi oder wéineger mat deene selwechten Defie konfrontéiert.

Et géif op alle Fall net nëmmen duergoen, Strategien auszeschaffen. Et misst een sech och prett maachen, fir um Terrain selwer aktiv ze ginn.