Am ganzen hu sech 3 Leit am Kommissariat um Glacis gemellt, déi hiert Gefier do geparkt haten a geklaut kruten.

D'Police mellt donieft ënnert anerem eng Rei Abréch an de leschte Stonnen, dëst zu Diddeleng, Schëffleng an zu Hollerech.

An engem Stater Buttek hat e Samschdeg am fréien Owend eng Persoun versicht ze klauen. Sécherheetsleit hunn de presuméierten Déif gestoppt a sou laang festgehale wéi d'Police koum. D'Persoun wollt Wueren am Wäert vun iwwer 1000€ matgoe loossen. Si gouf op uerder vum Parquet festgeholl. A wéi enger Strooss dat Ganzt geschitt ass präziséiert d'Police net.