Holland mat Schwieregkeete géint Litauen, Spuenien demontéiert Tierkei

© Ozan Kose / AFP
Nieft de Roude Léiwen waren op dësem Sonndeg och nach eng sëllegen anere Formatiounen am Asaz. Dobäi haten e puer Favoritte Krämpes géint hir Géigner.
Esou wéi d'Hollänner, déi hire Match a Litauen nëmme knapps mat 3:2 fir sech entscheede kënnen. Aus dem Näischt konnt Litauen en Zwee-Goler-Retard ophuelen, ier datt den Depay um Enn nach de wichtegen drëtte Gol fir d'Hollänner schéisse konnt. D'Polen, déi bei den Hollänner am Grupp sinn, ginn no enger zolitter Leeschtung géint Finnland als Gewënner vum Terrain.
Weider haten d'Männer vum Julian Nagelsmann hir Problemer géint eng nordiresche Ekipp, déi sech an Däitschland net verstoppt a voll op Victoire gespillt huet. Um Enn kënne sech déi Däitsch awer behaapten a sech esou déi éischte Victoire sécheren.
Doriwwer eraus ginn et weider kloer Victoirë vun de Georgier géint d'Bulgaren a vun den Nordmazedonier géint Liechtenstein. Och kënne sech d'Belsch géint d'Kasachen behaapten an d'Spuenier hunn auswäerts keng Problemer géint d'Tierken a kënne sech haushéich zu Selcuklu duerchsetzen.
Wéi sech d'Rout Léiwen an hirem Match géint d'Slowake geschloe hunn, dat liest Dir an dësem Artikel.
Grupp E
Tierkei - Spuenien 0:6
0:1 Pedri (6'), 0:2 Merino (22'), 0:3 Merino (45'+1), 0:4 Ferran Torres (53'), 0:5 Merino (57'), 0:6 Pedri (62')
Georgien - Bulgarien 3:0
1:0 Kvaratskhelia (30'), 2:0 Gagnidze (44'), 3:0 Mikautadze (65')
Grupp G
Litauen - Holland 2:3
0:1 Depay (11'), 0:2 Timber (33'), 1:2 Gineitis (36'), 2:2 Girdvainis (43'), 2:3 Depay (62')
Polen - Finnland 3:1
1:0 Cash (27'), 2:0 Lewandowski (45'+2), 3:0 Kaminski (54'), 3:1 Källman (88')
Grupp J
Nordmazedonien - Liechtenstein 5:0
1:0 Elmas (15'), 2:0 Bardhi (52'), 3:0 Churlinov (56'), 4:0 Qamili (82'), 5:0 Stankovski (90')
Belsch - Kasachstan 6:0
1:0 De Bruyne (42'), 2:0 Doku (44'), 3:0 Raskin (51'), 4:0 Doku (60'), 5:0 De Bruyne (84'), 6:0 Meunier (87')
Grupp A
Däitschland - Nordirland 3:1
1:0 Gnabry (7'), 1:1 Price (34'), 2:1 Amiri (69'), 3:1 Wirtz (72')