E Sonndeg den Owend gëtt et eng komplett Mounddäischtert

© AFP
China, Indien, Ostafrika a Westaustralien hunn déi beschte Chancen de Spektakel ze gesinn, wann de Mound am Schiet vun der Äerd ass.
Ma och hei zu Lëtzebuerg weist se Mound e Sonndeg den Owend a rout. Et schwätzt een da vun engem sougenannte "Bluttmound".
Déi komplett Mounddäischtert ass géint 20 Auer bei eis z'erwaarden, deen Ament dierften nach net vill, respektiv keng, Wolleken um Himmel sinn.
Fotoe mam Smartphone, sou d'Experten, si kee Problem, besser wier awer eng Spigelreflexkamera mat oder ouni Téléobjektiv. De Phänomen dauert bis ronn 21.50 Auer an et kann een de Spektakel, vläicht och net an allen Detailer, mä ouni Problem mat bloussen An kucken.
Eng Mounddäischtert gëtt et iwwregens nëmme bei Vollmound. Da leie Mound, Äerd a Sonn op enger Linn. Am Mäerz dëst Joer gouf et déi lescht.
Dir hutt flott Fotoe vum Bluttmound gemaach? Da schéckt eis se gären op foto@rtl.lu, mat der Informatioun, vu wou aus Dir d'Fotoe gemaach hutt, a gär och mat der Info, ob Dir se mam Handy oder engem Fotoapparat gemaach hutt.