Well bei der Produktioun vun de Pizzaen de falsche Verfallsdatum op d'Verpackung geprint gouf, ginn elo Pizzae vun der Hausmark vun Delhaize zeréckgeruff.

Et handelt sech dobäi ëm d'Pizza Prosciutto Cotto 430g, déi de Verfallsdatum vum 13. a 14. September hunn. Si koumen tëscht dem 5. a 6. September an den Handel.

D'Leit sinn opgeruff d'Pizzaen net ze consomméieren a se zeréck an de Buttek ze bréngen, wou se se kaf hunn. Do ginn d'Clienten da rembourséiert.

Fir weider Informatioune kënnen d'Leit sech via Telefon bei Delhaize mellen, dat um +32 2884 14 68.