Am Juli war bekannt ginn, datt eng Partie Cliente vun der BIL duerch eng Arnaque Dausenden Euro geklaut kruten.

Ee groussen Deel vun hinne probéiert bis haut ouni Succès, déi Suen zeréckzekréien. Datt d'Bank all Responsabilitéit vu sech weist, kënne si net novollzéien. De Sonndeg de Mëtteg war zu Miedernach een Treffe vun de Bedruchs-Affer, wärend deem berode gouf, wéi si weider virgoe wëllen.

Eng 60 bis 70 Leit haten de Wee op Miedernach fonnt, nieft den Affer vun der Arnaque iwwregens mam Sven Clement vun de Piraten an dem Ben Polidori vun der LSAP och zwee Deputéiert. D'Haaptzil vun der Reunioun war et, un d'Responsabilitéit vun de Banken ze appelléieren. Dës hätten nämlech duerchaus d'Méiglechkeet, Frauden entgéintzewierken, zum Beispill andeems se d'Leit am Virfeld warnen

Juliana Mondot (Co-Organisatrice vun der Reunioun):
"Mir gi gewarnt, wann ee schwéiert Wieder kënnt, mir gi gewarnt, wann Héichwaasser kënnt, wann een Tornado am Kommen ass, firwat gi mer net gewarnt, wann emol sou Fraudë kommen? Ech betounen, et ass net nëmmen d'BIL eleng, mee déi Leit, déi lo hei sinn, dat sinn haaptsächlech Cliente vun der BIL."

Eng aner Méiglechkeet wier, eng Sécherheetsspär fir aussergewéinlech héich Montanten anzeriichten, déi net an de Profil vum Client passen.
Ma net just d'Banken, mee och d'Politik hätt eng Verantwortung. Bis elo wier awer nach näischt geschitt. Et géing een nach op eng final Äntwert op eng Question parlementaire vun der LSAP waarden.

RTL

Bis elo huet d'Justizministesch Elisabeth Margue just geäntwert, datt déi Fro net an hire Kompetenzberäich fält, de Finanzminister Gilles Roth huet sengersäits erkläert, datt och de Wirtschaftsminister Lex Delles mat am Coup wier.

Alice Pauly (Co-Organisatrice vun der Reunioun):
"Dat ass sou ee Ping-Pong-Spill. Ech war immens enttäuscht, wéi ech gelies hunn, datt d'Urgence vun der Question parlementaire net unerkannt gouf. An dono huet een deem aneren de Ball zougespillt, wéi wa kee sech d'Fanger knaschteg maache wëllt. Also bleift rëm alles op eise Schëllere leien, ech fannen et bëssi traureg vun eiser Politik, datt mer do net vill Réckhalt kréien."

Et wéilt een elo Kontakt mam Konsumenteschutz an dem zoustännege Ministère ophuelen.

Parallel dozou wäert een awer och juristesch Schrëtt an d'Weeër leeden. Dat mécht iwwregens elo och d'BIL, wéi si um Sonndeg an engem Communiqué matgedeelt huet. D'Bank selwer wier an der Affär nämlech och Affer a géing dowéinst Plainte beim Parquet vum Tribunal d'Arondissement vu Lëtzebuerg maachen. Et géing ee sech och d'Recht virbehalen, sech als Partie civilie ze konstituéieren. Dat hëlt een zu Miedernach zur Kenntnis.

Juliana Mondot:
"Eis impaktéiert dat absolut net, mir ginn eise Wee weider an da kucke mer. Mir kënne jo och eppes mat der BIL zesummen ënnerhuelen, wa si dat interesséiert."

Et géing een awer net verstoen, firwat d'BIL esou laang gebraucht huet, bis se eng Plainte gemaach huet. Et géing nämlech schonn zanter 2022 reegelméisseg Fraudë bei der Bank ginn. Et géinge sech och bis haut nach ëmmer nei Leit mellen an dat wier och gutt sou, well zesumme kéint ee méi ausriichte wéi eleng.