105 Joer Engagement fir d’Schüler an d’Studenten

© Noa Genato
D'Organisatioun gouf am August 1920 gegrënnt an huet, eegenen Aussoen no, zanterhier schonn eng Rëtsch Changementer bewierkt.
105 Joer ass jo net onbedéngt e Gebuertsdag deen ee grouss feiert, mä well d'Studentenassociation UNEL hiren 100. wéinst der Pandemie net zelebréiere konnt, huet se dat dëse Weekend nogeholl.
Soziaalt, ekonomescht a politescht Engagement fir d’Schüler a Schülerinnen an d’Studenten. Dat ass de Credo vun der Union Nationale des Etudiants du Luxembourg. D'Organisatioun gouf am August 1920 gegrënnt an huet, eegenen Aussoen no, zanterhier schonn eng Rëtsch Changementer bewierkt. Méi grousser wéi d'Ofschafe vum Militärdéngscht 1967 oder méi rezent d’Reform vum Stagegesetz aus dem Joer 2020. An och haut am aktuelle Kontext vu globale Krisen a geopolitesche Konflikter, géif et genuch fir dat een antriede kann, sou déi Jonk.
"Déi gréisst Problematike sinn emol d’Logementskris, dat ass dat éischt an d’Précarité étudiante och. Ech soen effektiv mir gi gehéiert, mir haten och schonn e puer Entrevuen, wat ganz gutt ass, mee natierlech kënne mer ëmmer méi maachen. Et ass ëmmer Sputt no erop’".
"D’UNEL huet verschidden Ambitiounen, wéi zum Beispill d’Unerkennung vun der Stëmm bei de Studenten, an och fir besser Konditiounen am Studentesystem ze maachen, wéi zum Beispill och den Erasmus. Vill Studente wëllen en Erasmus maachen, an do ass et nach net wierklech gutt organiséiert an d’Studenten hunn am Fong méi Problemer dat ganzt ze maachen, an da verléieren se leider d’Loscht oft. An d’UNEL erhofft sech och eng besser Zesummenaarbecht um europäeschen Niveau".
Dat gesäit och d'Héichschoulministesch Stéphanie Obertin esou.
"Ech mengen et ass immens wichteg, dass d’Studente sech zesummen eenegen, zesumme verbannen, fir datt se eng Stëmm hunn, eng Stëmm déi Besoine representéiert, déi de Student huet. Ech mengen déi sinn villfälteg: d’Bourse, de Logement, et ass ganz wichteg, datt mer do Léisunge fannen".
Am Géigesaz zu der Grënnungszäit vun der UNEL wier et haut an Zäite vum Internet dann och vill méi einfach, fir datt d'Studenten hei aus dem Land iwwerall op der Welt a Kontakt bleiwen.

© Noa Genato