Tëscht Altwis an Uespelt war et kuerz no 13 Auer d'Chute vun engem Motocyclist. Eng Persoun gouf blesséiert.

Kuerz no 16 Auer da krute sech zu Rodange an der Lonkecher Strooss een Auto an eng Trottinette ze paken. Heibäi gouf eng Persoun verwonnt.

An zu Maacher war et um 16.08 Auer een Auto an ee Motocyclist, déi net laanschtenee koumen. Och hei gouf et e Blesséierten.