E Sonndeg de Moie géint 9.40 Auer ass zu Veianen um Mont St. Nicolas e Motocyclist mat senger Maschinn gefall.

Wéi de CGDIS schreift, gouf eng Persoun verwonnt.

Géint 7.40 Auer ass tëscht der Bleesbréck a Selz en Auto bäigaangen. Hei blouf et beim Materialschued, grad ewéi och bei engem Brand zu Zéisseng an der Rue de la Forêt. Do gouf et e Kellerbrand géint 9.20 Auer.