De jonken Deputéierten ass geschwënn zwee Joer Member vun der Chamber. Wéi ass bis elo säin Androck vum Krautmaart a wat motivéiert hie Politik ze maachen?

Getraff hu mir eis mam Alex Donnersbach a senger Heemechtsgemeng Walfer, méi genee op enger neier, moderner a grousser Spillplaz, direkt an enger klenger Cité bei der Uelzecht, net wäit vun der Sportshal ewech. Dës Plaz gouf net op ongeféier vum Member vum Schäfferot an Deputéierte fir CSV erausgesicht. Dës Spillplaz, mat Hondsplaz dobäi, ass nämlech den éischte Projet, deen hien am Schäfferot zu Walfer ëmgesat huet, nodeems hien 2023 erëmgewielt gouf. Eng Plaz, déi deen Dag iwwregens gutt besicht war, op déi hie sichtlech houfreg ass.

Den 33 Joer jonken Politiker ass a sech geléierte Jurist an zënter dëser Legislaturperiod Deputéierte fir d'CSV an der Chamber. Enn November 2023 war hie jo fir de Serge Wilmes nogeréckelt, deen e Ministerposten an der CSV-DP-Regierung ugeholl hat. Do virdrun, an dat bis haut, huet den Alex Donnersbach wéi gesot awer och scho Gemengepolitik gemaach: 2017 gouf hie mat eréischt 25 Joer an de Walfer Gemengerot gewielt a sëtzt, nodeems en hei zeréckgewielt gouf, zënter Juni 2023 am Schäfferot. Fir de fréiere President vun der CSJ natierlech schonn e ganze Batz u Verantwortung.

D'Aarbecht an der Chamber ass en "Challenge", dat gëtt de jonken Deputéierten an eisem Gespréich oppen zou, et hätt een och en "zolitte Programm". De Virdeel, deen hien natierlech an esou engem grousse "Groupe parlementaire" huet, wier, dass ee sech d'Aarbecht besser opdeele kéint an se sou och besser ze bewältege wier. An dach wier et e "Knachenjob": "Et ass schonn en Mandat, wou ee vill och selwer muss sech trauen a selwer muss maachen. Also et gëtt elo net honnert Leit, déi een do mat der Hand huelen a soen: 'hei sou gëtt dat gemaach'. Du hues emol deen een oder deen anere Tuyau, mee et ass awer och en Job oder e Mandat wou et heescht 'learning by doing'."

Éischt Beréierung mat der Notioun "Engagement" iwwert d'Scouten

"Probéier d'Welt besser ze verloossen, wéi een se virfonnt huet!" Dee Saz vum Robert Baden-Powell kenne vill Scouten op der Welt an hunn och de fréiere Scout Alex Donnersbach inspiréiert an deels souguer markéiert. Hei géif fir hien och eng Zort "Bescheidenheet" ervirgestrach ginn, dass een also net alles verännere kann, ma een awer säi Bescht maache soll, fir eppes ze veränneren a besser ze gestallten. Hei gesäit hien ganz kloer en Ustouss, fir sech scho fréi, an deem Fall politesch, z'engagéieren a sengem Liewen.

Dëse Wëllen sech z'engagéieren, sech mat Problemer ze befaassen, Léisungen ze fannen, wieren alles Elementer, déi sech dono och duerch de Lycée bis haut gezunn hunn: "An dat ass eng Persoun, déi do erausgewuess ass. An do hunn ech gesot, 'okay, ech wëll mech am Fong engagéieren, fir déi Problemer ze léisen. An dat huet sech organesch iwwert meng Schoulzäit gezunn, et gouf net 'ee Moment'. Et war en Engagement. Ech war am Ëmwelt-Grupp an der Schoul. Ech war do a verschidde Kommiteeen. Ech hu mech do ëmmer gären engagéiert,  fir verschidde Causen, déi dee Moment och wichteg waren a mengem Liewen oder doriwwer eraus."
 
De geléierte Jurist bezeechent sech als Pragmatiker, denkt gären iwwer Problemer no, spillt alles duerch. Schlussendlech géif hie sech dann, wa bis driwwer reflektéiert gouf, dacks mat op säin Instinkt verloossen. Et wier him wichteg, awer och hei pragmatesch ze bleiwen. Virun allem bei méi komplizéierten Dossieren an Decisiounen, misst een sech ëmmer d'Fro stellen: "Ass dat am Interêt vun de Leit, vun der Partei, vu menger Gemeng?" Doduerch, dass een dat "erofbrieche" géif, géif dacks och méi Kloerheet bei Decisiounen entsoen.

CSV: Déi richteg Wäerter kombinéiert mat staarke Perséinlechkeeten

De Schratt an d'CSV ze goen, hat vill mat de fir hie richtege Wäerter ze sinn: "Fräiheet, Gerechtegkeet, Solidaritéit, dat sinn alles Wäerter, déi ech an der CSV erëmfonnt hunn an déi hu probéiert déi Wäerter mateneen ze verbannen, de Mënsch an de Mëttelpunkt ze stellen."  Wärend der Zäit, an där hie sech politesch orientéiert huet an d'Fro vun der richteger Partei opkoum, hunn ënnert anerem politesch Perséinlechkeete wéi de Jean-Claude Juncker an och schonn de Luc Frieden hie staark impressionéiert an d'Decisioun méi einfach gemaach.

Viru senger Zäit an der Chamber an an der Walfer Gemeng, ass den Alex Donnersbach ufanks da virun allem bei der CSJ, respektiv a senger Funktioun als President, opgefall a bekannt ginn: "Dat präägt een. Déi Zäit, déi forméiert een. Mir hate vill Héichten an Déiften an deenen 10 Joer als CSV. An ech mengen do léiert een dann och ganz vill. An déi Erfarung hëlt een da mat, déi een dann huet."

D'Moderniséierung vun der Partei ass kloer geschitt, ma et ass nach ze dinn

Ugeschwat op d'CSV, gesäit hie ganz kloer eng Moderniséierung vu senger Partei, déi an de leschte Joren och ganz bewosst geschitt wier. D'Hallschent vun den Deputéierten wieren nei Gesiichter, betount den Alex Donnersbach, zu deenen hie jo och selwer gehéiert. An och an der Regierung wiere ganz vill nei Gesiichter, just zwee Ministeren wiere schonn eng Kéier an enger vergaangener Regierung op engem Poste gewiescht.

Ma komplett zefridde kann ee sech ni ginn: "Mir hunn nach eng ganz Rei intern Moderniséierungsprojeten, op Hibléck wéi d' Partei fonctionéiert. Mir hunn elo Aarbechtsgruppen erëm an d' Liewe geruff. Dat ass emol ee wichtege Punkt. Mir hunn awer nach eng ganz Rei aner Ënnerstëtzunge fir d'Sektiounen. Einfach wéi mer als Partei fonctionéieren. Do ass nach Aarbecht. Och bei der Kommunikatioun ass nach Aarbecht. Dat heescht, do sinn nach eng ganz Rei Sujeten, wou mir nach déi nächst dräi Joer ganz, ganz vill dru wäert schaffen."

D'Theema Logement läit dem CSV-Deputéierten besonnesch um Häerz

Ee vun de grousse Problemer am Land fir den Alex Donnersbach ass ganz kloer de Logement. Et géif einfach net séier genuch gebaut ginn, et feelt nach ëmmer kräfteg un Infrastrukturen. Dass einfach ëmmer nach net genuch Haiser do wieren, fir d'Leit dra wunnen ze goen, wier en Haaptelement déi d'Wunnengskris fiddere géif: "Mir bauen einfach net séier genuch, fir där Demande entgéintzekommen, déi et brauch. Mir bauen och net séier genuch eis scho gebauten Infrastrukturen aus, doduerch hu mer iwwerall Stau. A firwat brauche mer sou laang? Ma well mer ganz laang Planungen hunn, well mer ganz laang Prozesser hunn, déi oft do sinn, aus enger gudden Ursaach, mee ënnert dem Stréch, dauert et einfach ze laang fir e Projet ze realiséieren, fir eng Wunneng ze bauen. "

Initiativen a Piste fir d'Prozeduren ze beschleunegen, ginn et säitens der Regierung, grouss Spréng wieren awer an 3 Joer net ze maachen, et misst een éischter Zäitspanne vun 10 Joer upeilen, fir dass sech eppes um Wunnengsmaart spierbar verbessert. Op alle Fall ass dëst eng Prioritéit fir den Alex Donnersbach, wou ee kloer misst "op de Gas drécken", och wann et wéi gesot scho vill Impulser säitens der CSV-DP-Regierung géifen an deem groussen a komplizéierten Dossier ginn.

Ugeschwat op de Klimawandel, bemierkt den Deputéierten, dass d'Klimakris duerch déi vill Konflikter op der Welt am Moment medial net méi op der éischter Plaz ass, ma dass trotzdeem ëmmer nach vill géif säitens der Regierung gemaach ginn, fir déi erneierbar zu Lëtzebuerg weider voll auszebauen. De "Leit de ganzen Zäiten e schlecht Gewëssen ze maachen", wier him no iwwregens de falsche Wee: "Ech menge wat méi effikass ass, ass ze kucken, datt mer Alternative kréien an déi esou interessant wéi méiglech maachen [...] Am Ufank ass et wichteg mat Ureegungen ze schaffen, de Leit e bësse kloer ze maachen, dat do ass och an ärem Interêt, an dat och an hirem Alldag esou méiglech ze maachen." 

Nach iwwer 3 Joer huet den Alex Donnersbach wéi gesot Zäit, sech mat dësen an anere Sujeten op senger Prioritéitelëscht an der Chamber an an de verschiddene Kommissiounen auserneenzesetzen an och probéieren als Member vun der gréisster parlamentarescher Fraktioun matzegestalten. Dass hien och an der Oppositioun géif fir d'CSV an der Chamber sëtzen, wier fir hie kloer, och wann d'Aarbecht an der Chamber als Deputéierte vun enger Regierungspartei fir hien "eleng vun der Ambiance hier" scho méi "flott" wier an engem seng Prioritéite bei der Regierung wuel e "méi grousst Gehéier" fannen.