Carlos Alcaraz wënnt Finall géint Jannik Sinner a gëtt nei Nummer 1

© CHARLY TRIBALLEAU / AFP
Zu New York ass e Sonndeg déi lescht Finall vun engem Grand Slam 2025 gespillt ginn.
De Carlos Alcaraz huet e Sonndeg den Owend d'US Open gewonnen. De Spuenier huet sech verdéngt a véier Sätz mat 6:2, 3:6, 6:1 a 6:4 géint den Italieener Jannik Sinner behaapt.
Fir den 22 Joer ale Spuenier ass et well de 6. Grand-Slam-Titel an deen zweeten Titel zu New York. Hie léist duerch de Succès de Sinner un der Spëtzt vun der Weltranglëscht of an ass vun e Méindeg un déi nei Nummer 1 op der Welt.
Mat engem drockvollen Tennis an e puer wonnerschéine Schléi huet de Spuenier fréi markant Ausruffzeeche gesat. De Sinner war am éischte Saz nach net richteg op der Héicht an huet sech ongewéinlech vill Feeler geleescht. No 38 Minutten ass den éischte Saz un den Alcaraz gaangen.
Duerno ass de Sinner awer erwächt, huet sech séier e Break geséchert an huet ëmmer méi sécher gewierkt. Op eemol war et den Alcaraz, dee Feeler gemaach huet, an deen zweete Saz bal ouni Chance ofginn huet.
De Momentum ass ëmmer nees hin an hier gaangen, am Ufank vum drëtte Saz huet den Alcaraz nees Tempo gemaach. No spektakuläre Punkten huet hien d'Spectateure matgerappt, de Sinner huet fir seng Verhältnisser ongewéinlech emotional reagéiert a seng Rackett op de Buedem geschloen. Hie konnt awer esou just nach e batteren 0:6 am drëtte Saz verhënneren.
Nom Break zum 3:2 am véierte Saz war den Alcaraz net méi opzefalen an huet sech d'US Open um Enn geséchert.
De Sinner, deen iwwer wäit Strecken net op sengem Toppniveau war, huet et verpasst, fir als éischte Mann zanter dem Roger Federer 2008 säin Titel zu New York ze verdeedegen. Et war och seng zweet Néierlag géint den Alcaraz bannent dräi Wochen. Beim Masters vu Cincinnati hat hien aus gesondheetleche Grënn opginn.

© TIMOTHY A. CLARY / AFP
Et war iwwerdeems déi drëtt Grand-Slam-Finall noeneen an där sech de Jannik Sinner an de Carlos Alcaraz géintiwwer stoungen. Bei de French Open 2025 hat den Alcaraz dat spannend Duell fir sech entscheet. Zu Wimbledon hat de Sinner gewonnen. Nach ni stounge sech an der Profi-Ära zanter 1968 zwee Spiller bei dräi Grand-Slam-Tournoien noenee géintiwwer.
Déi historesch Finall huet sech och den US-President Donald Trump net entgoegelooss. Duerch seng Visitt waren d'Sécherheetsmesurë virum Arthur Ashe Stadium nach emol verstäerkt ginn an d'Finall hat mat knapp 50 Minutte Verspéidung ugefaangen.