D'Cliente fille sech vun hirer Bank am Stach gelooss an hunn decidéiert sech zesummenzeschléissen.

E Sonndeg de Mëtteg ass eng éischt Reunioun vun enger Rei vun den Affer vum Bedruchsfall bei der BIL. Iwwer 20 Leit, déi all duerch e gefälschten Internetsite vun der Bank Dausenden Euro geklaut kruten, hate sech am Summer zesummegedoen. An der Hoffnung op Unerkennung an Entschiedegung.

Nëmmen e puer Stonnen virun der geplangter Informatiounsversammlung e Sonndeg de Mëtteg, huet d'BIL  e Communiqué verschéckt. D'Bank betount direkt am Ufank vum Schreiwes hiren Engagement géint Cyberkriminalitéit, an datt ee géif alles maachen, fir d'Affer ze begleeden, vun deene verschiddener a grousse Schwieregkeete wieren.

En Deel vun de geklauten Suen hätt antëscht kënne recuperéiert ginn. Wéi vill gëtt net präziséiert. Och dat geneet Ausmooss vun der Arnaque bleift offiziell bis elo onkloer. Bei verschiddene Leit wier d'Geld sou séier an d'Ausland transferéiert ginn, datt et fort ass.

Et gëtt een dann am Communiqué och gewuer, datt d'BIL wéinst der Affär Plainte beim Parquet gemaach huet a sech selwer kéint als "partie civile" constituéieren. Donieft seet d'Bank, datt se och bei den auslänneschen Banken reklaméiert huet, wou déi geklaute Suen higefloss sinn. Et wier elo un der Justiz hir Aarbecht ze maachen. D'Bank verstoppt net, datt et laang dauere kéint an et net sécher wier, datt d'Leit hir Suen rëm kréien.