Olympiagewënner Mo Farah gouf illegal a Groussbritannien bruecht

© AFP
De brittesche Laangstreckeleefer huet offiziell matgedeelt, datt hien zanter Joerzéngten ënnert engem falschen Numm lieft.
Als Kand wier hien illegal an d'Vereenegt Kinnekräich bruecht ginn, wéi hien an enger BBC-Dokumentatioun erzielt huet. "D'Wouerecht ass, datt ech net dee sinn, fir deen dir mech haalt", sot de véierfache Liichtathletik-Olympiagewënner.
Den 39 Joer ale Liichtathlet staamt aus Somalia a sot, hie wier als Hussein Abdi Kahin gebuer ginn an enger Regioun, déi sech antëscht als Somaliland gréisstendeels selbststänneg gemaach huet. Aneschters wéi fréier matgedeelt, hätte seng Elteren ni a Groussbritannien gelieft, esou de Farah.
Säi Papp wier am Biergerkrich gestuerwen an de Farah selwer vu senger Mamm getrennt ginn. Wéi hien néng Joer hat, ass hien dunn a Groussbritannien komm. "Ech gouf illegal ënnert dem Numm vun engem anere Kand als Mohamed Farah a Groussbritannien bruecht", seet de Spëtzesportler. Eng Fra, déi hien nach ni gesinn hat, hätt him deemools gesot, datt hien elo Mohamed géing heeschen, hätt him falsch Dokumenter ginn a wier mat him op London geflunn.
Do wier hie vu senger Famill gezwonge ginn, am Haushalt ze schaffen. Eréischt am Alter vun zwielef Joer wier et him erlaabt ginn, an d'Schoul ze goen.
Datt hien dëst elo ëffentlech mécht, wier vu sengen eegene Kanner inspiréiert gewiescht, esou de Farah. "Famill bedeit mir alles an als Eltere bréngt ee senge Kanner bäi, éierlech ze sinn. Awer ech hunn ëmmer gespiert, datt ech ëmmer dëst Geheimnis hat, ni ech selwer konnt sinn an erziele konnt, wat wierklech geschitt war." Him wier et elo wichteg, d'Wouerecht ze erzielen, sot de Farah.
Wat aus deem Jong ginn ass, deem säin Numm de Sportler deemools kritt huet, weess hien net. Hien hofft awer, et géif him gutt goen.