Am Ukrain-Krich ginn d'Beméiunge fir eng Wafferou, respektiv ee Friddensaccord virun. Allerdéngs ass onkloer, wéi esou een Accord soll ausgesinn.

Dat och, well dem amerikanesche President Donald Trump seng Strategie an dësem Dossier onkloer ass. Virun enger Woch hat dëse jo een Treffe mam russesche President Wladimir Putin zu Budapest annoncéiert. Elo schéngt et awer net zu dëser Entrevue ze kommen.

Hin an Hier am Ukrain-Krich / Céline Eischen

En Dënschdeg den Owend koum vum US-President Trump déi iwwerraschend Annonce, dat d'Treffe mam Putin elo awer net soll geschéien, respektiv no hanne soll verréckelt ginn. Hie wéilt "keen onsënnegt Treffen", dat well Russland net bereet ze si schéngt, fir enger direkter Wafferou zouzestëmmen. De Kreml huet allerdéngs präziséiert, datt een nach ëmmer eng Entrevue tëscht de béide Presidente géif preparéieren. Ganz vum Dësch ass d'Treffen also wéi et schéngt net, et wier ebe just net fir direkt.
 
Och d'Plaz vun der Entrevue, nämlech Budapest, war ëmstridden. Dat geplangten Treffen zu Budapest gouf virun allem vun den europäesche Staats- a Regierungscheffe skeptesch gesinn, éischtens well den ukrainesche President Selenskyi net sollt mat dobäi sinn. An zweetens, well et déi éischte Kéier zanter dem Ufank vum Ukrain-Krich gewiescht wier, datt de President Putin EU-Territoire géif betrieden, an dat obwuel et géint deen e Mandat d'arrêt vum Internationale Strofgeriichtshaff gëtt. Dobäi kënnt, datt Ungarn an der EU dacks eng skeptesch Stëmm ass, wann et ëm europäesch Ënnerstëtzunge fir d'Ukrain geet.

An awer soll et zu Negociatiounen tëscht béide Säite kommen. Den US-President Trump huet proposéiert, datt déi aktuell Frontlinn am Ukrain-Krich als Basis fir Friddensnegotiatiounen tëscht der Ukrain a Russland sollt déngen. Den ukrainesche President huet dës Propos als ee "gudde Kompromëss" bezeechent, huet awer och dru gezweiwelt, datt de russesche President domat averstane wier. Och eng Rei vun europäesche Staats- a Regierungscheffen ënnerstëtzen dës Propos: Esou kéint et och zu enger direkter Wafferou kommen.

Russland strieft sech awer géint dës Propos. De russeschen Ausseminister Sergei Lawrow huet en Dënschdeg präziséiert, datt ee mat dëser Iddi kee permanente Fridde géif erreechen. Amplaz missten d'Grondursaache vum Konflikt geléist ginn, esou de Lawrow. Domat mengt hien, Experten no, datt d'Ukrain d'Donbass-Regioun u Russland misst oftrieden, an och de-militariséiert misst ginn. Eppes, wat awer fir d'Ukrain an och hir europäesch Alliéiert net a Fro kënnt.

D'Situatioun wierkt festgefuer, allerdéngs reest e Mëttwoch kuerzfristeg de NATO-Generalsekretär Mark Rutte op Washington fir eng Entrevue mam Donald Trump. Och déi sougenannte Koalitioun vun de Wëllegen, also eng Rei europäesch Staats- a Regierungscheffen, souwéi och den ukrainesche President Selenskyi solle fir weider Diskussiounen e Freideg zu London zesummekommen. Konkret soll et och ëm weider Ënnerstëtzunge fir d'Ukrain goen.