Schosswaffenugrëff op regierungstrei Demonstranten

© AFP/PETAR PETROVIC
De presuméierten Täter wier wéinst versichtem Mord, Waffebesëtz an dem Risk fir d'Allgemengheet festgeholl ginn, sou d'Police.
Bei engem Schosswaffenugrëff op e Lager vu regierungstreien Demonstrante virum Parlament a Serbien ass op d'mannst eng Persoun blesséiert ginn. Als presuméierten Täter wier e Pensionär festgeholl ginn, sou d'Police e Mëttwoch. De Mann hätt zu Belgrad e puer Mol geschoss an en Zelt an deem vun den Ënnerstëtzer vum President Aleksandar Vucic opgeriichte Lager a Brand gesat. De Staatschef huet vun enger "schrecklecher, terroristescher Attack" geschwat.
Dat improviséiert Lager vun de Vucic-Sympathisante blockéiert an der Haaptstad zanter e puer Méint Stroosse virum Parlament an an engem Park an der Géigend. Si wéilte mat hirer Aktioun hir Ënnerstëtzung fir de President demonstréieren, deen zanter knapp engem Joer mat Protester géint seng Regierung konfrontéiert ass, sou de Message vun den Demonstranten.
E Mëttwoch ass der Police no e Mann an en Zelt vum Lager agedrongen an huet e puer Schëss ofginn. Duerno hätt hien e Feier geluecht, dat d'Explosioun vun enger klenger Gasfläsch ausgeléist hätt. De Mann wier wéinst versichtem Mord, Waffebesëtz an dem Risk fir d'Allgemengheet festgeholl ginn, sou d'Police.
A Serbien gëtt et zanter knapp engem Joer reegelméisseg hefteg Protester géint d'Regierung vum Vucic an d'Korruptioun am Land. Ausléiser war en déidlechen Tëschefall den 1. November 2024 an der Stad Novi Sad. Hei war den Daach vun enger Gare an der Koup gefall. 16 Leit waren ëm d'Liewe komm. D'Gare war eréischt e puer Méint virdrun no dräi Joer laange Renovéierungsaarbechte voll a Betrib geholl ginn.