Viru knapp 2 Woche koum et op Initiativ vum amerikanesche President Trump zu engem Accord tëscht Israel an der radikalislamescher Hamas.

Dës hat zougesot, déi reschtlech israeelesch Geisele fräizeloossen. Israel géif am Géigenzuch palästinensesch Prisonéier fräiloossen. D'Wafferou gouf awer iwwer de leschte Weekend nees zolidd ënnerbrach. Elo ass den amerikanesche Vize-President JD Vance an Israel gereest, fir déi zwou Parteien dovun z'iwwerzeegen un der fragiller Wafferou festzehalen.

Beméiunge fir fragil Wafferou an der Gazasträif / Rep. Céline Eischen

Et war een éischten historeschen Duerchbroch an engem bluddege Konflikt, deen elo schonn zwee Joer unhält: Israel an d'Hamas ware sech fir eng éischt Phas vun engem Friddensaccord eens ginn, ma d'Wafferou, déi emol keng zwou Wochen al ass, steet op wackelege Been. Ëmmer nees ginn et Provokatioune vu béide Säiten. Iwwert de Weekend waren dunn a Gaza nees d'Geräischer vu Bommen a Sireenen ze héieren.

Zwee israeelesch Zaldote sinn duerch palästinensesch Attacken ëm d'Liewe komm. Israel huet mat Bommen an Dronen-Attacke reagéiert, bei deenen de palästinenseschen Autoritéiten no 44 Leit ëm d'Liewe komm sinn. Och déi humanitär Hëllefsliwwerunge goufen ënnerbrach.

Béid Parteie wëlle sech awer nom Weekend nees un d'Wafferou halen: Op d'mannst bis elo. Wichteg Fuerderunge vu béide Säite bleiwen nach ze klären: Israel insistéiert drop, datt d'Hamas hir Waffen ofgëtt, op der anerer Säit stelle sech Froen, wéi Gaza nees kann opgebaut ginn, an ënnert wéi enger politescher Autoritéit. Och ass net kloer, ënnert wei enge Konditiounen Israel bereet ass, sech ganz aus Gaza zréckzezéien.

Fir dës zweet a schwiereg Phas vun engem Friddensaccord ze verhandelen, ass en Dënschden den amerikanesche Vize-President JD Vance an d'Regioun gereest. Him muss et elo geléngen, béid Parteien dovun z’iwwerzeegen, um fragille Friddensaccord festzehalen. Dat och fir datt déi dréngend gebraucht humanitär Hëllef a Gaza ukënnt.