Enquête leeft
Dräi Abriecher am Raum Helleng geflücht

© Police (Archiv)
E Mëttwoch den Owend koum et géint 20 Auer zu Helleng zu engem Abroch.
Dräi presuméiert Täter sinn e Mëttwoch den Owend no engem Abroch zu Helleng geflücht. Eng Rei Patrulle vun der Police hunn no de Brigange gesicht, ma ouni Erfolleg. Eng Enquête gouf an d'Weeër geleet.
Verdächteg Persounen am Ëmkrees vun Helleng solle weiderhin dem 113 gemellt ginn. Et soll een och keng onbekannt Persoune mam Auto mathuelen.
Am meeschte gelies