E Liewen a Prekaritéit zu Lëtzebuerg
D'Virginie Schweger, d'Madinatu Abdulrasheed an de John Sinner liewen a finanzieller Onsécherheet, jidderee vun hinnen aus ënnerschiddleche Grënn.
Si sinn awer all vun de klammende Liewens- a Wunnkäschten zu Lëtzebuerg betraff. Krankheeten, Accidenter oder perséinlech Krisen hu si a prekär Situatioune bruecht, aus deenen et schwéier ass, erauszekommen.
Virginie Schweger, 54: "Äert Liewe kann an engem Ament zesummebriechen"
D'Virginie Schweger ass mat 18 Joer aus Frankräich op Lëtzebuerg geplënnert an ass normal schaffe gaangen, bis en Autosaccident si mat 32 Joer deelweis invalid gemaach huet. No Méint vu Lämung an Erhuelung hu chronesch Péng si dovun ofgehalen, nees kënne schaffen ze goen. Si lieft, ouni Loyer mussen ze bezuelen, bei engem Frënd an hëlleft, bei den Hausaarbechten an der Fleeg. Bal ee Joer laang war si op Sozialleeschtungen ugewisen, fir hir medezinesch Käschten ze decken an huet Liewensmëttel a soziale Liewensmëttelgeschäfter kaaft. Awer am August huet si ugefaangen, hir Allocation pour salariés handicapés ze kréien, wat hir endlech e Gefill vu Stabilitéit ginn huet. "Soulaang ech kee Loyer muss bezuelen, kommen ech duerch", esou si.

© Sibila Lind
Madinatu Abdulrasheed, 47: "Ech sinn an Europa, mee ech hu menge Kanner näischt ze bidden"
Ursprénglech aus Nigeria, huet d'Madinatu Abdulrasheed bequeem zu Lëtzebuerg mat hirer Famill gelieft, bis hir Scheedung am Joer 2017 si ouni Aarbecht a mat véier Jongen hannerlooss huet, ëm déi si sech elo muss këmmeren. Well si déi néideg Qualifikatiounen oder Sproochkenntnisser net hat, fir eng Aarbecht ze fannen, ass si an eng Depressioun gefall an a finanziell Schwieregkeete geroden. Haut lieft si an enger Sozialwunneng a kritt Sozialhëllef. Si schafft drun, hir Onofhängegkeet erëmzefannen, andeems si e Café zu Esch-Uelzecht bedreift. "Et gouf eng Zäit, wou ech net gegleeft hunn, datt ech et kéint packen,mee elo gleewen ech et."

© Sibila Lind
John Sinner, 64: "Als Lëtzebuerger fillen ech mech vun der Gesellschaft ofgewisen"
De John Sinner huet zënter senger Kandheet mat Instabilitéit ze kämpfen: Hien ass vun enger Fleegefamill bei Familljemembere geplënnert, hat spéider mat Sucht ze kämpfen an huet eng Zäit am Prisong verbruecht. Schlussendlech huet hien Aarbecht fonnt, awer virun e puer Méint huet sech seng Gesondheet verschlechtert an hie gouf krank geschriwwen.
Hie lieft an engem 14 Quadratmeter grousse Raum mat nëmmen enger Mikrowell an engem gemeinsame Buedzëmmer, fir deen hien 900 Euro bezilt. Hien dreemt dovun, eng Sozialwunneng ze kréien. "Ech fille mech an dëser Gesellschaft net akzeptéiert, net emol vu menger eegener Regierung", esou de John Sinner.

© Sibila Lind
Ëmmer méi Eenzelpersoune sichen Hëllef
De Risiko vun Aarmut am Land klëmmt zënter 2005 konstant. Prekaritéit betrëfft net nëmmen d'Leit, déi op der Strooss liewen. Laut dem Joresbericht vun der Chambre des Salariés ass elo ee vu fënnef Lëtzebuerger Awunner a Gefor vun Aarmut. Eng Aarbecht ass keng Garantie fir finanziell Sécherheet, well eng Persoun vu siwen, déi schaffen, och a Gefor vun Aarmut kommen. Dëst mécht Lëtzebuerg zum Land mat dem héchsten Taux vun aarme Leit, déi an der Eurozon schaffen. 13,4% vun den Aarbechter liewen ënner der Aarmutsgrenz.
"Déi steigend Liewenskäschten, d'Wunnengskris an d'Energiekris bréngen d'Familljen a schwiereg Situatiounen", erkläert d'Laurence Koenn, Direktesch vun de Sozialdéngschter vum Roude Kräiz. "A mir schwätzen net nëmmen iwwer Aarbechtslosegkeet, vill Leit mat enger Aarbecht hunn och Schwieregkeeten." Zënter 2019 sinn d'Ufroen ëm Hëllef bei de Sozialdéngschter vum Roude Kräiz ëm 26% eropgaangen. Nieft elengerzéiende Persounen a grousse Famillje gëtt et awer och eng wuessend Zuel vun Eenzelpersounen, déi Hëllef brauchen.
"Mir gesi jonk Leit, déi grad hir Karriär ufänken a plëtzlech Loyer a Käschte fir hiren Auto bezuele mussen, souwéi eeler Leit, déi eleng vun hire Pensioune liewen a vill Käschten ze decken hunn. Am allgemenge brauche méi Leit, déi eleng liewen, Ënnerstëtzung", seet d'Nathalie Bley, Sous-Direktesch vum Sozialdéngscht vum Roude Kräiz
Wéi eng Ënnerstëtzung gëtt et, fir d'Prekaritéit ze bekämpfen?
An de leschte Joren huet d'Regierung verschidde Programmer fir finanziell vulnerabel Familljen agefouert. Dozou gehéieren d'Gesondheetsfërderung, Subventioune wéi d'Allocation de vie chère, Wunnengsvirdeeler wéi d'Subvention de loyer a Subventioune fir d'Heizkäschte wéi d'Prime énergie.
Op der Websäit guichet.lu kënnen Interesséierter d'Ufuerderunge fir d'Zouloossung kontrolléieren, Simulatore benotze fir d'Héicht vun der potenzieller Ënnerstëtzung ze schätzen a Formulairë fannen. Eng Etüd, déi d'lescht Joer am Optrag vun der Chambre des Salariés publizéiert gouf, huet awer festgestallt, datt ongeféier 80% vun de Berechtegte fir d'Subvention de loyer keng Ufro stellen a 40% vun de Berechtegte fir d'Allocation de vie chère se net benotzen. Mangel un Informatioun, Schwieregkeete beim Ausfëlle vu Formulairen a Stigmatiséierung sinn déi Haaptgrënn, firwat Familljen dës Virdeeler net notzen.
Frot ëm Hëllef, ier et ze spéit ass
Sozialbüroe stinn zur Verfügung, fir Informatiounen iwwer existent Hëllef an Usprochsberechtegungen ze ginn, souwéi aner perséinlech Ënnerstëtzung. "D'Rout Kräiz bitt Hëllef a ville Beräicher. Dës kéint Hëllef fir e Student bei der Ufro vun enger finanzieller Hëllef enthalen, d'Hëllef fir eng eeler Persoun bei der Sich no engem Altersheem, Hëllef bei administrativen Ugeleeënheeten oder Hëllef bei der Sich no enger Wunneng", erkläert d'Nathalie Bley.
"D'Leit komme bei eis an hire Fall gëtt iwwerpréift, fir festzestellen, wéi eng Dokumenter gebraucht ginn, wéi eng Informatioune feelen a wéi mir se am beschte bei der Sich no der Hëllef ënnerstëtze kënnen, déi se brauchen."
75% vun der Hëllef vum Roude Kräiz ass administrativ, wärend déi aner 25% finanziell sinn, dorënner Hëllef mat medezinesche Rechnungen, Zougang zu soziale Liewensmëttelgeschäfter an Ënnerstëtzung mat Wunnengskäschte wéi Loyer a Kautioun. "Jidderee ka bei Sozialbüroen ëm Hëllef froen, egal ob finanziell oder net", seet d'Laurence Koenn a gëtt e Rotschlo: "Waart net bis Dir a schlëmme Schwieregkeete sidd, ier Dir bei eis kommt. Jidderee kann iergendwann Hëllef brauchen. De Sozialbüro ass net nëmme fir aarm Leit, en ass fir jiddereen do."