Zanter 1988 gëtt dëse Präis vergi fir den Asaz fir Mënscherechter a Meenungsfräiheet.

D'Georgierin Msia Amaghlobeli an de polnesch-belarussesche Journalist Andrzej Poczobut kréien dëst Joer de mat 50.000 Euro dotéierte Präis iwwerreecht. D'Parlamentspresidentin Roberta Metsola huet déi Decisioun e Mëttwoch zu Stroossbuerg matgedeelt.

D'Journalistin Amaghlobeli ass a Georgien zum Symbol géint déi pro-russesch Regierung ginn. Vun engem Geriicht war si am August wéinst Virwërf vu "Gewalt" géint Beamten zu zwee Joer Prisong verurteelt ginn.

Zanter 2023 sëtzt de Poczobuta Belarus am Prisong. Hien hat ënnert anerem 2020 als Korrespondent fir eng polnesch Zeitung vun de Masseprotester géint de belarussesche Leader Lukaschenko geschriwwen a war zu 8 Joer Prisong verurteelt ginn.

Béid Journaliste gëllen als regierungskritesch Stëmmen an hire Länner, a sinn dowéinst am Prisong. Si waren am Virfeld vun der EVP, vun de Konservativen a vu 60 weideren Europadeputéierten nominéiert ginn. D’Parlament fuerdert dann och, dass se allebéid direkt misste fräigelooss ginn.