D'EU-Staaten hu sech e Mëttwoch op eng weider Verschäerfung vun de Sanktioune géint Russland gëeenegt.

Déi nei decidéiert EU-Strofmesurë géint Moskau riichte sech virun allem géint russesche Pëtrol a Gas, dat huet déi dänesch EU-Presidence e Mëttwoch den Owend matgedeelt. D'EU-Staaten hu sech een Dag virum EU-Sommet op d'Sanktioune gëeenegt. Beim Sommet en Donneschdeg zu Bréissel wëllen d'Staats-a Regierungscheffe vun de Memberstaaten ënnert anerem iwwer déi weider Ënnerstëtzung fir d'Ukrain beroden.

Et ass de mëttlerweil 19. Sanktiounspak géint Russland zanter dem Ufank vum russesche Krich an der Ukrain 2022. An de Sanktioune soll een Enn vun allen Importer vu russeschem Flësseggas (LNG) duerch EU-Staate bis 2027 festgehale sinn. Donieft wieren zousätzlech Mesurë géint déi sougenannt "Schattenflotte" geplangt, mat där Moskau ënnert anerem de Pëtrol-Embargo evitéiert. Och sollen d'Reesméiglechkeete fir russesch Diplomaten an Europa méi restriktiv ginn.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj soll en Donneschdeg perséinlech op Bréissel reesen a bei de Gespréicher mat dobäi sinn.

Opgrond vun der ëmmer nees wiesselender Meenung vum US-President Donald Trump bei de Verhandlungen ëm een Enn vum Ukrain-Krich wëllen d'Europäer beim Sommet e "kloert Signal vun Ënnerstëtzung" fir d'Ukrain ginn, sou huet et am Virfeld aus däitsche Regierungskreesser geheescht.

Och d'USA hunn e Mëttwoch den Owend nei Sanktioune géint Russland annoncéiert. Wéi déi genee wäerten ausgesinn, huet een nach net matgedeelt. Et wéilt een dat e Mëttwoch den Owend no der Fermeture vun der Bourse oder en Donneschdeg de Moie fréi maachen, sou den US-Finanzminister Scott Bessent.