Ofrappaarbechte vun Deeler vum Wäissen Haus hunn ugefaangen

© Photo by Celal Gunes / ANADOLU / Anadolu via AFP
Am East Wing vum Sëtz vum US-President hunn d'Ofrappaarbechten ugefaangen, fir dem Donald Trump säi Festsall opzeriichten.
De Festsall, deen un d'Wäisst Haus ugebaut soll ginn, wäert ronn 250 Milliounen Dollar kaschten, déi awer net vu Steieren, mä iwwer Done vu "spendabelen Patrioten, groussen amerikanesche Firmen" an dem Donald Trump selwer bezuelt ginn. E soll ronn 90.000 Quadratfouss, also eppes iwwer 8.300 Quadratmeter, grouss ginn a Plaz fir 1.000 Gäscht hunn. Genotzt gi soll dat Ganzt da bei Banquete fir Staatsgäscht oder bei aner groussen Evenementer.
Als "gréissten Ausbau vum Wäissen Haus an iwwer 100 Joer" hat den Donald Trump dës Aarbechten bezeechent. Den East Wing, wou traditionell de Büro vun der First Lady ass, gëtt am Kader vun dësem Projet och moderniséiert.
Den US-President weist sech an de Soziale Medie ganz houfreg iwwert den Ausbau. "Ech freeë mech Iech annoncéieren ze kënnen, datt d’Aarbechte fir de neien, groussen, schéine White House Ballroom um Terrain vum Wäissen Haus ugefaangen hunn." Iwwert d'Moderniséiere vum East Wing sot hien, datt dëse "méi schéi wéi jeemools virdrun" wäert ginn.
Kritik un dësem Projet gëtt et awer och, well den Donald Trump bei der Annonce vum Projet ënner anerem versprach hat, datt de Bau vum Festsall déi aktuell Strukture vum Wäissen Haus net géif beaflossen. D'Fotoen, déi d'Ofrappe vum Deeler vum East Wing weisen, ginn do awer e ganzt anert Bild of.

© Photo by Celal Gunes / ANADOLU / Anadolu via AFP
Nieft dësem grousse Projet huet den US-President awer och nach aner Pläng fir Ëmbauten an an ëm d'Wäisst Haus. Hien huet den Oval Office jo gëllen dekoréiert a plangt en "Arc de Trump", nom Virbild vum "Arc de Triomphe" zu Paräis.