Dräi Deeg nom Déifstall vun de Bijouen am Louvre zu Paräis huet sech e Mëttwoch d'Cheffin vum Musée, Laurence des Cars, zu Wuert gemellt.

Si huet vun engem "schreckleche Feeler" geschwat an erkläert, datt si hire Récktrëtt ugebueden huet.

D'Fassad vum Musée wier "net genuch" duerch Kamera geschützt gewiescht, sou d'Direktesch vum Musée virun der Kulturkommissioun vum Senat e Mëttwoch zu Paräis. "Dat ass eise Schwaachpunkt."

Un der Fassad vun der Apollo-Galerie, an déi agebrach gouf, géif et nëmmen eng Kamera ginn, an déi hätt déi betraffe Fënster net am Viséier gehat, sou d'Laurence des Cars. "Mir hunn d'Arrivée vun den Täter net matkritt", sou d'Direktesch weider. D'Alarmanlag hätt awer funktionéiert an d'Mataarbechter hätte sech korrekt verhalen, sou d'Cheffin weider. Si huet gefuerdert, datt e Policekommissariat soll an de Musée kommen, an huet annoncéiert, datt et bei der Ëmsetzung vum Sécherheetsplang "keng Verzögerung" gi wäert.

"Muséeë si keng Festungen a wäerten et och net ginn. Et läit an hirer Natur, oppen ze sinn", sou d'des Cars. Si hätt sech, zanter datt si de Posten 2021 iwwerholl hätt, dofir agesat, "d'Opmierksamkeet op den Zoustand vum Louvre", deen ëmmer méi schlecht géing ginn, "ze lenken".

E Mëttwoch hat de Musée eng éischte Kéier nees seng Dieren opgemaach. D'Apollo-Galerie bleift nach weider zou.

De Parquet huet de Schued vun de geklaute Bijouen op 88 Milliounen Euro geschat, woubäi de kulturhistoresche Wäert net berécksiichtegt wier. D'Täter kéinten awer net mat dëser Zomm rechnen, "sollte se op déi schlecht Iddi kommen, dës Bijouen anzeschmëlzen", sou d'Laure Beccuau vum Parquet en Dënschdeg.