Pia Massard vun G-ART

Bekannt Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun hunn 3 Wënsch fräi...
Dir hutt 3 Wënsch fräi..
-als éischt emol eng gutt Gesondheet fir meng Famill, Frënn, Bekannten a mech an dass d'Gesondheet fir eis alleguerten dat Wichtegst ass a bleift.
-dass all Eenzele vun eis aus dëser dach ganz aussergewéinlecher Situatioun dat Bescht eraus hellt an dass mir mat vill guddem Wëllen an der néideger Motivatioun an en erëm normalen Alldag kënnen eragoen.
-e gudde Start an déi nei Saison fir Geschäfter a Betriber an dass mir alleguerten zu engem nationalen a lokalen Opschwong kënnen a wëlle bäidroen.
Also alles zesummen erreeche mer nëmmen duerch Positivitéit, Kreativitéit a Solidaritéit.