E Mëttwoch de Moie waren ënner anerem d'Sozialronnen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

De CPTE, de permanente Beschäftegungscomité, ass eigentlech wéi eng kleng Sozialronn, just mat manner Ministeren, an ënnert der Regie vum Aarbechtsminister Mischo. A mir loossen eis do net virféieren. Mir kënnen net an eng Ronn goen, wou da gesot gëtt, et wier alles gutt gelaf an da gëtt Sozialofbau bedriwwen, dat sot d’OGBL-Presidentin Nora Back e Mëttwochmoien als eis Invitée vun der Redaktioun.

Invité vun der Redaktioun: Nora Back

Keen Accord, kee CPTE

D’Gewerkschaften hu jo annoncéiert, net zréck an de CPTE ze goen, fir do iwwer d’Aarbechtszäit-Organisatioun ze diskutéieren, och wann een am Juli nach zougesot hat. Do hätten och aner Saachen um Dësch geleeën, sou d’Nora Back. Déi hätt et no der Summerpaus awer net méi ginn. A virun allem war eng Konditioun, datt et en Accord zu dräi géif ginn. Dee gouf et an de Sozialronnen awer net. Do kéint een d’Impressioun kréien, datt d’Regierung vun Ufank u geplangt hätt, zwar Mol ze diskutéieren, nozelauschteren an dann awer ze decidéiere wéi ee wëll, fënnt d’Gewerkschaftspresidentin.
 
Wat elo zeréckbehale gouf, wier, Zitat: "manner schlëmm" ewéi dat, wat am État de la nation vum Premier ugekënnegt gouf, resuméiert et d’Nora Back. Mä trotzdeem kéint een deem Ganze wéineg Positives ofgewannen. D’Gewerkschaften hätten an der Sozialronn nach am meeschte Kompromëssbereetschaft gewisen. Et wier een och weiderhin derfir, de Sozial- an Tripartitemodell oprecht z’erhalen. Mä net an enger Alibi-Funktioun

Aarbechtsminister kuckt no Datum

Elo soll awer Mol am Zweeër-Modell bilateral mat der Regierung verhandelt ginn. Et hätt een aus dem Aarbechtsministère gesot kritt, datt no engem Datum gesicht gëtt. Mä méi wéisst een nach net.

Ëmmer derwäert, ze verhandelen

D’Nora Back huet widderholl, datt d’Gewerkschaften et falsch fonnt hunn, fir d’Gespréicher ofzebriechen, datt d’Regierung also déi Gespréicher ofgebrach hätt.  Et wär ëmmer derwäert, ze verhandelen an och an der Vergaangenheet wären d’Positioune vu Patronat a Gewerkschafte wäit ausernee gewiescht. Ëmmer méi wäit hätt ee sech awer net ausernee beweegt. Mä d'Regierung hätt hir Decisioun scho virun der drëtter Sozialronn geholl. An d’Regierung wär Schold drun, datt d’Stëmmung sou “vergëft” war, well ganz am Ufank vun hirer Amtszäit d’Regierung de Patronen enorm entgéintkomm wier.

Vill Iddie fir d’Aarbechtszäit-Organisatioun

D'Gewerkschaften hätte ganz vill Iddien, wat d'Aarbechtszäitorganisatioun ugeet, a wéilten dës och oppen diskutéieren. Si wäerten déi der Regierung ënnerbreeden, de Leit presentéieren a wann néideg och mat gewerkschaftlechen Aktioune verdeedegen, sou d'OGBL-Presidentin Nora Back.

Et kéint een awer och net soen, dass ee wéilt moderniséieren, an dann no hanne rudderen. All Säit misst elo Faarf bekennen, wat se sech da bei den Aarbechtszäite virstellt.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.