Wärend ronn 200 Joer gouf Lee aus dem Buedem geholl. Ass Schifer verschafft ginn. Faszinatioun op 8 Hektar.

Schifer aus Lëtzebuerg 

Vu 1790 bis 1986 gouf Lee aus dem Buedem zu Uewermaartel an de Schifergrouwen eraustransportéiert. D'Aarbechter hu bis 168 Meter ënnert dem Buedem ënner dacks schwierege Konditioune geschafft. 10 Stonnen den Dag. "No 1900 hunn hei eng 600 Leit geschafft. 95.000 Meter Kipp Schifer gouf hei zu Uewermaartel erausgeholl. Dës Entreprise war déi gréissten aus dem Norden. A si war wichteg fir d'Regioun. An och wärend de Weltkricher ass hei viru geschafft ginn", sou de Marco Schank, President vun den Amis de l'Ardoise.

Ganz vill Aarbechter ware vun der Silikos betraff. "Dës war laang net als Beruffskrankheet unerkannt", erzielt mir de Marco Schank wärend eisem Interview. 1956 ass kee Schifer méi erausgeholl ginn. 1986 war et ganz eriwwer.

De Marco Schank aus dem Schifermusée am RTL Interview
Ënnert schwierege Konditioune gouf geschafft.

Am Summer 1992 gouf et déi éischte "Porte ouverte" um Site, organiséiert vun de Frënn vun der Lee. Deen Ament huet nach kee Mënsch vun engem Musée hei zu Uewermaartel geschwat. "Et war vun Ufank u wichteg, Uewermaartel, de Site, als Ensembel z'erhalen. Et war eng autark Industrie. Mam Souterrain, den Industriegebaier, mat de Reperaturatelieren, mat dem administrativen Deel. D'Wunnhaiser vun den Aarbechter ënnen am Dall an dann uewen dem Patron seng Villa", erkläert d'Doris Thilmany, Responsabel vum Schifermusée.

En Abléck fir Kanner vun all Alter 

Vill Schoulklasse kommen d'Joer iwwer hei op Uewermaartel, fir an d'Grouf Johanna op 42 Meter Déift kucken ze goen, wéi fréier hei geschafft gouf. "Mir kucken all Klass individuell d'Kannerzuel. Vun der Zuel, der Konstellatioun vum Alter an da maache mir de Programm zougeschnidden op all Klass." Et geet awer kloer och ëm d'Handwierk vum Leekeppert. "De Stee steet bei eis am Mëttelpunkt. Duerno huet och all Kand d'Méiglechkeet, seng eege Lee ze maachen an déi dann och mat heem ze huelen." An da gëtt et hei och en Zuch mat enger 600 Millimeterspuer.

Doris Thilmany, Responsabel vum Musée
Fir Grouss a Kleng gëtt villes gebueden.

Eng 20 Gebaier ginn et um 8 Hektar grousse Site. Si erënneren un eng fréier Zäit. Dozou gehéiert och d'Villa vum Patron. Den Här Rother mat senger Famill huet vun 1900 bis 1985 hei gewunnt. Aktuell gëtt d'Haus vum INPA renovéiert. Am Juni 2026 soll et fir de Public zougänglech sinn. Et ass en impressionnant Haus fir déi Zäit. "D'Famill Rother ass eréischt komm, nodeems si all déi kleng Parzellen hei opkaaft huet. Duerno huet si eppes Grousses hei gemaach", erzielt mir de Patrick Diederich, Architekt beim INPA.

"Mir sinn elo sou grouss, mir sinn elo sou dichteg. Mir wëllen elo och hei wunnen", hätt d'Famill Rother dunn 1900 esou decidéiert. D'Industrie war u sech den neien Adel, de modernen Adel. D'Famill Rother huet um Site gewunnt, d'Leit hunn niewendru geschafft a si haten hei hire private Beräich, wou si gewunnt, gelieft, gefeiert hunn, sou de Patrick Diederich weider.

De Patrick Diederich vum INPA
D'Villa Rother an hir Geschicht.

"D'Famill Rother ware Leit, déi sech finanziell gutt gestanen hunn. Mir hu Mustere vu Blummen ënnert e puer Schichte vum Buedem entdeckt, wéi mir elo gekraazt hunn, déi exzeptionell sinn. Mir haten och Kontakt mat eise Landesdenkmalkolleegen aus Däitschland an déi hunn esou eppes nach ni gesinn", bemierkt de Patrick Diederich.

De Patrick Diederich am RTL Gespréich
Am Juni 2026 geet d'Haus fir de Publik op.

Schifermusée: all Dag ass op

Bis op Chrëschtdag a Silvester huet de Musée seng Dieren all Dag, ausser méindes, fir d'Visiteuren op. Vu moies 10 bis owes 18 Auer.

23.900 Leit goufen zejoert gezielt. An den éischte sechs Méint vun dësem Joer hunn 10.800 Visiteuren d'Kees vum Musée passéiert. Et kann ee mat oder ouni Guide duerch de Souterrain spadséieren. D'Kanner musse wéinstens véier Joer al sinn, fir mat erofzegoen. "D'Entrée fir op de Site ass gratis. All déi Gebaier, déi uewerierdesch sinn, kann ee gratis kucke goen." 

Méi Informatioune ginn et um Internetsite: www.ardoise.lu

Eng RTL-Ekipp war iwwregens scho virun dräi Joer emol déi ënnerierdesch Welt vun de Schifergrouwe kucken. Kuckt hei de Reportage vum Juli 2022.