Bekannt Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun hunn 3 Wënsch fräi...

Dir hutt 3 Wënsch fräi mam Laurent Graas

Dir hutt 3 Wënsch fräi..

Ech wënsche mir datt d‘letzebuerger Ekonomie sech gutt a séier erhëlt vun dëse speziellen Zäiten an datt mir gestäerkt a nohalteg an d’Zukunft ginn.
Ech wënsche mir datt all di Leit déi nach aner Gesondheetsproblemer hunn wéi COVID, kenne gutt betreit ginn, sech net eleng fille mussen, an den Accès zu hire Noosten behalen.
Ech wënschen eis all virun allem Freed an Zefriddenheet, well et nieft der Gesondheet dat wichtegst ass bei all eise Projet'en a wat ech menge Kanner vu klengem un als Liewensmotto mat op de Wee ginn.