An dräi Tunnellen op der A7 gëtt et jo a béid Richtunge Streckeradaren.

An den Autobunnstunnellen op der Nordstrooss bleift et bei enger Vitess-Limitatioun vun 90 Stonnekilometer. Dat äntwert déi liberal Bauten- a Mobilitéitsministesch Yuriko Backes dem Piraten-Deputéierte Marc Goergen, dee wësse wollt, ob et Etudë gëtt, déi beleeën, datt eng méi héich Limitatioun aus Sécherheetsgrënn net ze recommandéieren ass.

Am Tunnel Markusbierg op der Saarautobunn wier bei Analysen erauskomm, datt d'Erofsetze vun 90 Kilometer an der Stonn op 70 km/h de Risiko fir en Accident ëm méi wéi een Drëttel géing erofdrécken. 
Dorausser schléisst de Ministère, datt mat enger Erhéijung vun der Limitatioun an den Tunnellen op der A7 de Risiko fir en Accident géing erop goen.

Eng Vitesslimitatioun "no ënnen" an den Autobunnstunnellen ass am Moment dynamesch gereegelt, soubal e Virfall am Tunnel detektéiert oder et e Chantier do gëtt.