
Bekannt Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun hunn 3 Wënsch fräi...
Dir hutt 3 Wënsch fräi..
-datt mir eis op eis Stäerkte besënnen an eis géigesäiteg ënnerstëtzen, a Plaz nei Grenzen ze zéien; dat mir a schwéieren Zäiten eis Zouversiicht net verléieren an eis drun erënneren, wat mir erreeche kënnen, wa mir un engem Strang zéien. Am Betrib, an der Famill an an der ganzer Gesellschaft.
-datt eis Memberen eis weiderhin esou groussaarteg ënnerstëtzen, wéi an deene leschte Joerzéngten – a besonnesch wärend dëser Kris. D’ Uriff, d’Bréiwer an d’E-Mailen, déi mir kréien, erënneren eis all Dag dorun, firwat a fir wie mir eis Aarbecht maachen.
-datt d'Kris eise Bléck geschäerft huet fir déi Saachen am Liewen, op déi et wierklech ukënnt: Zouverlässegkeet, Zesummenhalt, Respekt a Vertrauen an d'Zukunft.