Grondsazprogramm publiqueJoe Thein grënnt nei Partei: "Déi Konservativ"

De jonke Politiker aus dem Péitenger Gemengerot, dee viru Kuerzem aus der ADR ausgeschloss gouf, huet eng nei Partei gegrënnt. D'ADR selwer reagéiert cool.

© routwäissgro
"Déi Konservativ", esou heescht déi nei Partei vum Joé Thein.

De jonke Politiker, deen fir d'ADR am Péitenger Gemengerot ass, war d'virlescht Woch no enger Exclusiounsprozedur aus senger Partei ausgeschloss ginn.

En Dënschdeg elo huet de Joe Thein d'Statute vun enger neier Asbl. deposéiert, woumat d'Partei gegrënnt gëtt: wéi et doranner heescht, wieren "Déi Konservativ" eng Partei op konservativer a patriotescher Basis.



PDF: D'Statute vun "Déi Konservativ".

PDF: Communiqué vun "Déi Konservativ".

PDF: Grondsazprogramm "Déi Konservativ"

Reaktioun ADR: Mir bleiwen eis trei

Net weider verwonnert ass den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen iwwert d'Nouvelle, datt de Joé Thein eng nei Partei gegrënnt huet.

Als ADR hätt een domat gerechent, och wann de Joe Thein nach bis d'lescht Minutt dofir gekämpft hätt, an der Partei ze bleiwen, sou de Gast Gibéryen.

De Joe Thein hätt souguer nach verséchert, datt d'Partei ADR säi Liewe wier, ma no esou ville Verwarnungen an de leschte Jore wier d'Decisioun vum Ausschloss iwwerfälleg gewiescht, seet de Gast Gibéryen.

De Gast Gibéryen (1)



Et wéilt een awer net, datt elo eng Partei eng Tounaart vu Rietsextremismus a Rassismus hei am Land féiere géif.

Kéint "Déi Konservativ" dann eng Konkurrenz fir d'ADR duerstellen?

"Konkurrenz belieft d'Geschäft", seet de Gast Gibéryen, deen net fënnt, datt d'ADR hir Politik a Meenung elo wéinst esou enger Gruppéierung ännere misst. Et géing ee weiderschaffe wéi bis elo an drop vertrauen, datt d'Lëtzebuerger tëscht deenen engen an deenen aneren ënnerscheede kënnen.

De Gast Gibéryen (2)



Den Datum vun der Grënnung vun der neier Partei ass op den 21. Mäerz 2017 zu Lamadelaine fixéiert, wou och de Siège ass.

Wéi et an de Statuten heescht, hätt sech d'Partei vum Joé Thein am Interêt fir d'Land an d'Bierger gegrënnt. Am Artikel 6 heescht et, datt d'Partei keng identesch Schwësterpartei zu Lëtzebuerg oder am Ausland hätt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.