D'CSV-Ministere Margue a Gloden sinn houfreg op d'Evolutioun, wat d'Lutte géint d'Kriminalitéit ugeet. Dozou koum eng parlamentaresch Fro.

Esou wieren an der Police-Regioun Zentrum zanter Ufank vum Joer 250 presuméiert Drogendealer an Abriecher verhaft ginn - eleng op der Stater Gare sinn dat 140 Leit an der Drogekriminalitéit gewiescht, mee och 11 Abriecher a 17 presuméiert Auteure vu Klaue mat Gewalt.

Tëscht Mee a September sinn de Ministeren no, dann och sou vill Abriecher verhaft ginn, wéi fir d'komplett Joer 2024 - aktuell sinn dat an der Moyenne 9 presuméiert Abriecher de Mount.
 
Mee och d'Chiffere schwätzen eng kloer Sprooch: sou goufen et eleng fir dëst Joer an der Stad bal 6.400 Fäll vu Klauen, inklusiv aus Autoen, eng 670 Streidereien tëscht Persoune mat Gewalt a knapp 500 Drogenaffären. Wéi gesot, eleng tëscht Januar an September.
 
Nom Aféiere vun der neier lokaler Police-Unitéit konnten an der Stad eng 2.700 Patrulle méi opgestallt gi wéi soss. Aktuell zielt d'Police eng 3.400 Beamten, dorënner 800 Leit am ziville Kader. Déi nächst Jore sollen d'Joer bis zu 100 nei Poliziste bäikommen.

D'Informatioune ginn d'Ministeren Margue a Gloden op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierten Marc Goergen.