No ronn 10 Joer ass Schluss. De Car-Sharing Service Carloh verschwënnt aus der Stad a gëtt progressiv duerch d'national Flex-Offer vun CFL Mobility ersat.

Leschte Freideg hat d’Gemeng Lëtzebuerg via Communiqué erkläert, datt een am Kader vum "Mobilitéitsplang fir muer" d’Carsharing-Offer nohalteg wéilt ausbauen.

Vu Januar 2026 u ginn et an der Stad deemno just nach Autoen a Statioune vu Flex, an och just nach eng Applikatioun. De Car-Sharing vun CFL Mobility gouf Enn 2017 lancéiert, mat deemools ronn 20 Statiounen an 80 Autoen uechtert d’Land. Zënterhier gouf de Flex-Service mat Succès ausgebaut.

Stand Oktober 2025 geréiert CFL Mobility landeswäit gutt 80 Flex Carsharing-Statioune mat ronn 170 Gefierer. Initial war et d’Iddi, Autoe fir auszeléinen, un den Zuch- a Busréseau unzebannen. Ma séier koum d’Demande vu Gemenge fir d’Carsharing Statiounen net just op d’Garen ze limitéieren.

Bis Enn dës Joers rechent ee bei Flex mat engem Wuesstem op 25.000 Clienten an eng 2 Millioune gefuere Kilometer mat de Carsharing Autoen. D’Integratioun vun de Stater Carloh Gefierer a Statioune sollen dozou bäidroen.

An der Haaptsaach géifen d’Cliente fir kuerz Trajete vum Carsharing profitéieren. Fir zum Beispill akafen ze goen, oder op de Sport ze fueren. Kaum fir op d’Aarbecht, wou den Auto da stonnelaang géif stoe bleiwen.

Vum 1. Dezember u funktionéieren an der Stad béid Servicer, also souwuel Carloh wéi och Flex.

Fir vum Flex-Service kënnen ze profitéieren, kann ee sech online umellen an ee vun dräi Aboe wielen, jee nodeem wéi dacks een op de Carsharing wëll zréckgräifen. Duerno kann ee via App säin Auto reservéieren an notzen. De Präis pro Buchung gëtt dann op Basis vun Dauer a Kilometerzuel berechent.