Viru gutt zwou Wochen hat den Apdiktesch-Syndikat d'Direktioun vun der Santé schaarf kritiséiert.

Dat, well déi dem Gesondheetspersonal een neien héichdoséierte Vaccin géint d'Gripp fir Leit iwwer 65 recommandéiert hat. Dee war an der Apdikt dee Moment awer net ze kréien.

Si wieren net an déi Decisioun mat agebonne ginn, huet et vun den Apdikter geheescht. Elo reagéiert d'Gesondheetsministesch op déi Kritik an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar zu dem Thema. Zu Lëtzebuerg géingen d'Apdikter d'Vaccine géint d'Gripp méintlaang am Viraus bei de Grossiste bestellen.

Dee Moment wier awer nach net ganz sécher gewiescht, datt deen neie Vaccin scho fir dës Saison disponibel wier. Och wat d'Modalitéite vun der Prise en charge vun der CNS ugeet, wier zu deem Moment nach net alles kloer gewiescht, esou d'Erklärunge vun der Martine Deprez. Déi éischt Liwwerunge vum Efluelda wieren den 13. Oktober, also e Méindeg ukomm. Also zwee Deeg virum Lancement vun der Impfcampagne.