Vrun e puer Deeg hätt den hollännesche Fabrikant Nexperia, deen zum chineesesche Grupp Wingtech gehéiert, seng Clienten iwwer méiglech Enkpäss informéiert.

Dat op Grond vun neie Restriktioune vu China bei Exportatiounen. Déi Halbleiter gi weltwäit fir vill Apparater an der Industrie genotzt. D'Federatioun vun den Industrielle fäert, datt dat och am Grand-Duché en Impakt op Produktioun, Kontrakter an Aarbechtsplazen am Secteur kéint hunn.

D'Lëtzebuerger Regierung misst sech dréngend zesumme mat der EU-Kommissioun an enger europäescher Krisekoordinatioun iwwer den Impakt an eventuell Noutmoossname beroden.