Den Ament leeft e Prozess wéinst enger Messerpickerei zu Bouneweg, bei där 2021 e jonke Mann vun 18 Joer gestuerwen ass.

E Freideg huet de Parquet 16 Joer Prisong fir den Haaptugeklote gefuerdert, a sechs Méint mat integralem Sursis géint den zweeten Ugeklote wéinst Coups et Blessures.

Fir den Haaptugekloten, deen d’Affer erstach hat, dierft de Sursis wéinst der Gravitéit vun de Faiten net iwwert d’Hallschent vun der Haftdauer eraus goen, esou de Vertrieder vum Parquet: "Et war en direkte Stéch an d’Häerz. E brutale Geste, deen Iwwerwannung kascht."

Prozess wéinst Messerpickerei zu Bouneweg / Rep. Michèle Sinner

Deemools hat den Haaptugeklote 17 Joer. Haut gëtt hien no regulärem Strofrecht wéi en Erwuessenen an ëffentlecher Sitzung jugéiert. Dat wier seelen zu Lëtzebuerg. Mee och dat wier wéinst der Gravitéit an dësem Fall gerechtfäerdegt.
De Vertrieder vum Parquet huet awer och betount, datt den Alter eng Circonstance atténuante wier. Vun engem neurologesche Standpunkt hier, wier d’Gehier réischt méi spéit voll entwéckelt. Dowéinst géif d’Impulskontroll nach net ganz funktionéieren. An dat hätt hei eng Roll gespillt.

Den Affekot vum Haaptugekloten huet d’Legitime défense invoquéiert. Zwar war säin Affer dee Moment, wou hien zougestach huet, net arméiert an hat mat der Fauscht geschloen. Et misst een awer déi ganz Situatioun kucken, an do hätt säi Client Angscht a Panik gehat. Den Haaptugekloten hätt och keng Absicht gehat, d’Affer ëmzebréngen. Am Géigendeel hätt hie versicht, d’Affer mat sengem Gefuchtels op Distanz ze halen. Dofir wieren d’Elementer vun engem Doudschlag net ginn.

D’Affekotin vum zweeten Ugekloten, de Kolleeg vum Doudesaffer, deen un der Kläpperei bedeelegt war a selwer duerch e Messer blesséiert gouf, huet op Legitime Défense plaidéiert.

Den Affekot vum Affer senger Famill sot, et wier natierlech eng domm Iddi gewiescht, op dee Rendez-vous ze goen, fir deenen aneren de Cannabis ofzehuelen, amplaz en ze bezuelen. Mee, esou den Affekot: "Näischt rechtfäerdegt, datt hien herno mat engem Lach am Häerz um Buedem louch."

An dofir géif et just ee Responsaablen: Den Haaptugekloten. Déi zwee Ugekloten hu sech bei der Famill entschëllegt. D’Urteel soll den 13. November geschwat ginn.