D'Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte zum Neesopbau vu Lëtzebuerg bäigedroen
Wousst Dir, dass d'Nationallotterie 1945 gegrënnt ginn ass, fir den Affer vum Zweete Weltkrich ze hëllefen?
D’Lëtzebuerger Regierung huet 1944, mat der Ënnerstëtzung vun der Grande-Duchesse Charlotte, d’Oeuvre nationale de secours an d’Liewe geruff, déi bis haut der Groussherzogin hire Numm dréit. Als Geldquell koum dunn d’Lotterie. Wien e Lous kaaft huet, huet mat dozou bäigedroen, d’Land nees opzebauen. Dëse Modell funktionéiert haut nach esou.
A wien dréit net gär um Rad, a wënnt net gär e puer dausend Euro? E Glécksspill, dat awer net nëmmen engem mat engem Lous eppes sollt bréngen, mee och deenen, déi deemools an der Rundstedt-Offensiv an iwwerhaapt am Krich, alles verluer haten.
Wuel koum finanziell Hëllef aus Amerika a Kanada, zum Beispill fir Lëtzebuerg nees opzebauen, mee dat goung net duer. Och d’Lëtzebuerger ware solidaresch. Esou gouf zum Beispill nom Krich en Dag ouni Pai organiséiert, op deem d'Leit d'Pai, déi se op deem Dag kruten, konnte spenden.
1945 huet d'Nationallotterie déi aner Lotterien hei am Land ersat. Mat der Oeuvre an dem Gesiicht vun der Groussherzogin Charlotte, dem Symbol vun Hoffnung, Fräiheet an Onofhängegkeet.
Haut ass d’Ouevre nationale de secours Grande-Duchesse Charlotte en Etablissement public an onofhängeg, doranner eng Oeuvre nationale an eng Loterie nationale, déi zesummeschaffen.
Iwwregens: Den Dag ouni Pai war den 23. Januar 1945, op Groussherzoginsgebuertsdag also. 4.600.000 Lëtzebuerger Frang u Solidaritéit waren deemools zesummekomm.