Déi Konservativ"Mir sinn déi nei ADR, déi besser ADR"

Dat seet de Joe Thein, Nationalpresident vun "Déi Konservativ".

Déi nei Partei vum Ex-ADR-Member gesäit sech als Mëtt-Riets-Partei, se wier vun der Richtung hir ongeféier do ze positionéieren, wou och d'ADR steet, heescht et vun der Parteispëtzt. Vu Rietsextremismus géing een sech distanzéieren. Um Méindeg war an engem Rodanger Bistro den éischten extraordinäre Nationalkongress vun "Déi Konservativ".



A ronn 35 Leit ware komm, e formidabele Succès, sot de Joe Thein eis op der Terrass am selwechte Bistrot. Der ADR war de Joe Thein ze riets, de Concernéierte versteet net firwat. Hie wollt dach grad ewech vun dem rietspopulisteschen Image.

De konservative Fligel an der Partei géif awer diskriminéiert ginn an hie wier Affer vun deem Richtungskampf ginn, seet de Joe Thein. Hie war jo rezent aus der ADR ausgeschloss ginn wéinst engem Facebook-Like. De Péitenger Gemengeconseiller hat et jo gutt fonnt, datt den Ausseminister Jean Asselborn mol decapotabel sollt duerch Dallas fueren. Dat war domm an net clever, seet de Joe Thein haut. Trotzdem wier hei aus enger Méck en Elefant gemaach ginn. Et wier peinlech, wann esou ee Like eng Staatsaffär gëtt.

Dat Kapitel gëtt elo zougeschloen. De Joe Thein konzentréiert sech elo op seng nei Partei, déi eenzegaarteg an individuell soll sinn, esou de President, virun allem soll se ganz anescht sinn ewéi d'ADR. Wat inhaltlech konkret anescht ass, dat misst sech nach bei der Ausschaffung vum Programm weisen. Eng grouss Differenz wier awer elo schonn am Grondsazprogramm ze gesinn an zwar beim Thema Homosexualitéit. Konservativ Familljewäerter wieren dann erfëllt, wann et eng fräi Gestaltung vun enger Liewensgemeinschaft tëscht 2 Leit géing ginn, ob klassesch oder avantgardistesch.

Kloer Virstellungen huet de Joe Thein iwwerdeems bei der Immigratiouns- an Integratiounspolitik. Et hätt ee gären eng Immigratioun mat Limitten, mat Kontroll a mat System.

De Joe Thein ass wéi gesot Nationalpresident vun "Déi Konservativ". Op d'Poste vun de Vizepresidente goufen de Mario May an de Guy Malané gewielt. Generalsekretärin ass d'Monique Weber, dem Joe Thein seng Mamm. Generalcaissier ass de Patrick Thein, dem Joe Thein säi Papp.

Déi Konservativ konzentréiere sech elo mol op d'Gemengewahlen a besonnesch op eng Gemeng, Péiteng.

Och wann et bei de Kommunalwahle schlecht sollt ausgoen. "Déi Konservativ" wäerten och nach nom 8. Oktober op der politescher Bühn stoen, seet de Joe Thein a kuckt no vir op d'Chamberwahlen d'Joer drop.  

D'Partei hätt iwwregens den Ament sou tëscht 30 a 50 Memberen, wéi vill genee wollt de President net verroden.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.