Lëtzebuerg a Portugal hu vill Gemeinsamkeeten
De Marcelo Rebelo de Sousa gouf um Dënschdeg de Moie vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse an der Stad virum Palais mat militäreschen Éieren empfaangen.
E Mëttwoch gouf de portugisesche President zu Betzder bei der SES empfaangen. De Marcelo Rebelo de Sousa kënnt ënnert anerem mat portugisesche Staatsbierger zesummen, déi bei der weltgréisster Satellittefirma schaffen.
An der Mëttegstonn hunn de Rebelo de Sousa an de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel dann am Schlass zu Buerglënster, wou och iwwer bilateral Sujeten an déi aktuell Politik geschwat gëtt, zu Mëtteg giess.
Duerno stoungen de Belval, d'Uni, a seng Entwécklung am Mëttelpunkt.
Am spéide Mëtteg huet de portugisesche President eng Expo iwwer Portugal am Musée um Fëschmaart besicht. Et goung an d'Kathedral an e Concert an der Philharmonie huet den Ofschloss gemaach.
Lëtzebuerg a Portugal hu vill Gemeinsamkeeten, béid Länner verbënnt vill, soten de Mëtteg de portugisesche President an de Lëtzebuerger Premier op enger gemeinsamer Pressekonferenz. D'Staatsvisite vum Marcelo Rebelo de Sousa goung jo um Mëttwoch offiziell op en Enn.D'Gemeinsamkeeten, dat heescht Europa. Béid Politiker, béid Länner verteidegen déi europäesch Wäerter. An d'Portugise maachen hei am Land 16% vun der Populatioun aus.
Ronn 100'000 Portugisen liewen hei am Land. „On se sent chez nous“, nennt et de portugisesche President. Déi portugisesch Communautéit gehéiert zur Famill, seet de Xavier Bettel.D'Leit sinn haut "Kader" a grousse Sociétéiten a Member vun der Police, schaffen op de verschiddenste Plazen, dorënner och am ëffentlechen Déngscht. D'Integratioun vun dëse Leit huet och dozou gefouert, fir Lëtzebuerg economesch weider ze bréngen.D'Educatioun war och bei dëser portugisescher Visite e Sujet. Rezent gouf e Protokoll ënnerschriwwen, fir d'Portugisesch-Offer an der Schoul ze verstäerken. Fir de Marcelo Rebelo de Sousa eng ganz gutt Saach.Et geet drëm, fir am Préscolaire, also schonn um Ufank vum Liewen, déi portugisesch Sprooch ze stäerken. En zousätzlechen Enseignement vum Portugisesche wier wichteg, fir d'Integratioun am sozialen awer och beruffleche Liewen virun ze bréngen, sou de Portugisesche President. Dofir mussen d'Elteren awer motivéiert ginn, fir déi kleng Kanner an déi Coursen anzeschreiwen.De Xavier Bettel huet an deem Punkt präziséiert, datt ee kengem eppes imposéiert. Et soll eng complementaire Offer sinn an déi portugisesch Communautéit hei am Land weess, datt d'Lëtzebuerger Regierung wëll, datt déi Leit, déi hei liewen, d'Verbindung mat hiren Originnen an och hir Sprooch an der Educatioun hale kënnen. Et wier wichteg fir d'Integratioun, well ee sech esou hei am Land integréiere kann awer gläichzäiteg och d'Verbindung mat senger Heemecht kann halen.D'Origine spillen och beim europäesche Gedanken eng Roll. Et misst een Europa nei erfannen, sot de portugisesche President. Jonker, déi d'Geschicht net kennen, misst een opklären, dat wär net hire Feeler, mä eisen. An der Politik géif et keen Acquis ginn. All Dag misst een un Europa schaffen, mat Passioun, an net als Technokrat, sou de Marcelo Rebelo de Sousa.
Portugisesche President op Visite zu Lëtzebuerg - 1. Dag
Eng ganz Rei Portugisen, déi zu Lëtzebuerg wunnen, waren dohinner komm. Si wollten hire President vun no gesinn. Deen huet sech och e bëssen Zäit geholl, fir mat deem een oder aneren ze schwätzen. D'Leit ware vun ëm begeeschtert.
Um Programm stoungen en Dënschdeg ënnert anerem Entrevuë mam Premierminister Xavier Bettel, dem Ausseminister Jean Asselborn an dem Chamberpresident Mars di Bartolomeo. Den Dag gouf clôturéiert mat engem Galadinner am Palais.
President bleift nach en Dag "Privat" zu Lëtzebuerg
De Marcelo Rebelo de Sousa bleift awer nach een Dag méi laang am Land, an zwar privat. De portugisesche President kënnt mat Vertrieder vun der portugisescher Communautéit zesummen an assistéiert un der 50. Editioun vum Pelerinage bei d'Statu vu Fatima zu Wolz.
RTL-News: Op Christi Himmelfaart - Traditionelle Pelerinage bei d'Muttergottes vu Fatima.
Visite d’État au Luxembourg du président de la République portugaise, Marcelo Rebelo de Sousa (23-24.05.2017) | |
| |
Sur invitation de LL.AA.RR. le Grand-Duc et la Grande-Duchesse, le président de la République portugaise, Marcelo Rebelo de Sousa, effectuera une visite d’État au Luxembourg du 23 au 24 mai 2017. Il sera accompagné de la secrétaire d’État aux Affaires européennes de la République portugaise, Margarida Marques, du secrétaire d’État aux Communautés portugaises de la République portugaise, José Luís Carneiro, et de plusieurs membres de l’Assemblée de la République portugaise, dont Carla Cruz, Carlos Alberto Gonçalves, Isabel Galriça Neto, Isabel Pires et Paulo Pisco. |