VIDEO: KongressKonservativ wëlle bei Chamber- an Europawahlen untrieden

Weider heescht et vun der Partei, datt si kee Populismus bedreiwe wëllen a géint all Form vu Radikalitéit ass.

Éischten Nationalkongress vun Déi Konservativ. (07.01.2018)
Déi jonk Partei aus dem Süde vum Land wëll d'Chamberwahlen, an deem Bezierk eng komplett Lëscht op d'Been stellen. Et wier ee Konservativ, awer keng Populisten.

Et ass déi éischte Kéier zanter der Grënnung den 21. Mäerz 2017, datt déi Konservativ um Sonndeg hiren Nationalkongress haten. 

Den Objectif fir d'Chamberwahlen ass, fir mat enger kompletter Lëscht am Süden 2 Prozent z‘erreechen. Den Ament huet d'Partei bal 100 Memberen. E Sonndeg de Moien gouf dann och den Detail vum Grondsazprogramm presentéiert. Ee Programm, wou sech d'Partei anti-extremistesch seet an och géint all Form vu Radikalitéit ass.

Extrait Joe Thein



"Wéi den Numm vun eiser Partei et seet, si mir eng ganz konservativ Partei. Dat beinhalt all Elementer, déi op fräiheetlechen, patrioteschen a konservative Wäerter stinn. Zum Beispill setze mir eis an, fir d'Lëtzebuerger Sprooch, wou mir der Meenung sinn, datt dat d'Integratiounssprooch vum Land ass an déi solle mer fërderen. Eng aner Saach ass, datt mer fir de Mëttelstand an déi kleng Leit stinn. Mir hätte gären, datt déi erëm an hirem soziale Beräich gestäerkt ginn. Dann ass natierlech eis EU-kritesch Positioun: Mir hätte gären e staarke souveräne Lëtzebuerger Staat an Europa. Mir sinn net géint Europa, mä mir hunn awer eng gesond Approche vu Kritik a Skepsis um Projet a mir hätte gären, datt do reforméiert gëtt."



D'Partei géif kee Populismus bedreiwen, huet et geheescht. Si géif sech virun allem als Alternative zu den anere Parteie gesinn, esou de Joé Thein. Déi Konservativ wëllen och bei den Europawahlen untrieden.

PDF: Den neie Komitee vun Déi Konservativ

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.