Froe vu Kanner un de Grand-Duc
Dësen Dënschdeg ass Weltkannerdag op RTL. De ganzen Dag iwwerhuelen d'Kanner d'Antenn op Radio Lëtzebuerg: Si hunn d'Wuert!
Hie geet net gäre bei den Zänndokter, hat d'Schoul net gären, ass am Palais an d'Schoul gaangen. E wollt Dirigent ginn an huet sech absolut gewënscht an enger „normaler“ Famill opzewuessen.
De Grand-Duc Henri war um Dënschdeg den Invité vun der Redaktioun. Um Weltkannerdag hunn d'Kanner d'Froe gestallt: d'Kanner aus dem Cycle 4.1 aus der Äerenzdallschoul vu Miedernach.
Am Palais gëtt geschafft, zu Colmar Bierg gewunnt, huet de Grand-Duc de Kanner erkläert. Privat bräicht hie kee Bodyguard. Fir an d'Vakanz scho guer net.
D'Kanner hate vill privat Froen a wollte wëssen, ob de Grand-Duc selwer mam Auto fiert an ob e selwer kacht.
Hie fiert all Dag selwer mam Auto, villäicht ze vill, mä hätt en elektreschen Auto. Kache mécht e ganz gären, fir déi ganz Famill. Seng Fra géif net ganz gutt an net ganz gäre kachen, also géif hien dat maachen, sou de Grand-Duc Henri am Interview mat de Kanner.
REPORTAGEN: De Weltkannerdag op RTL (och mat de Bäiträg vun 2017).
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.