EU huet een Accord fir d'Klimaziler fonnt, mir gi keng "Lachnummer"
E Mëttwoch de Moie war d'COP30 Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Mer hunn elo mol eng Eenheet an der EU, dass mer bis 2040 eis Zäregas-Emissiounen ëm 90 Prozent wëlle reduzéieren. Dat sot den Thomas Schoos e Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De Conseiller am Ëmweltministère, dee bei de Verhandlungen zu Bréissel mat derbäi war, déi bis e Mëttwoch de Moie 4.30 Auer gedauert hunn.
Et wier e ganz techneschen Dossier, mat ville Contrainten, déi all Land anescht betrëfft. Vill Länner wollte Flexibilitéiten an den Accord abauen, fir d'Ziler vun der Dekarboniséierung och hin ze kréien. E Risen-Thema war do den ETS2, dee schonn zanter Méint a Joren diskutéiert gëtt. Den ETS2 ass e System fir CO2-Emissiounen ze verhandelen, déi duerch d'Verbrenne vun fossille Brennstoffer a Gebaier entstinn, an duerch de Verkéier op der Strooss. Doduerch gëtt natierlech d'Rechnung fir vill Länner am Osten an an Zentraleuropa vill méi deier, well do vill Leit nach mat Kuel oder Gas hëtzen. Fir d'Polen, déi nach vill mat Kuel schaffen, mat an den Accord ze kréien, gouf dofir proposéiert, dass den ETS2 ee Joer méi spéit soll kommen, wéi initial virgesinn, also eréischt vun 2028 un.
Fir Italien hätt ee Flexibilitéit bei de Brennstoffer fir Autoe missten aféieren. Also punkto Bio Fuels an E-Fuels, also syntheetesch Brennstoffer, well si nach ëmmer vill mat schwéiere Camione schaffen a soss hier Industrie futti gemaach gëtt.
Kompromëss ass zwar e Schwäizer Kéis, mee d'EU gëtt domat keng Lachnummer
E weidere wichtege Punkt war, dass een all de Länner Sputt gëtt. Falls se mat hiren Ziler fir déi 90 Prozent Reduktioun vun Zäregasen net ganz "on track" sinn, kënne se dat duerch international Kreditter kompenséieren. Maximal sollt een do kënnen 3 Prozent kompenséieren, mee et wier een elo op 5 Prozent eropgaangen. Natierlech géing Lëtzebuerg dat net ganz gutt fannen, mee et wier e Kompromëss. Dat hätt alles an der Nuecht nach méi schlëmm ausgesinn, mee dofir kéint elo zefridden sinn mat dem Schwäizer Kéis.
Et hätt een elo Previsibilitéit an e roude Fuedem fir d'Entreprisen. Wa mer eng nohalteg Zukunft wëllen, wier grénge Wuesstem onëmgänglech, seet den Thomas Schoos, dee vun engem Resultat schwätzt, mat deem d'EU sech och um Weltklimasommet d'nächst Woch a Brasilien kéint weise loossen.
COP30 muss een Ëmsetzungssommet ginn
Vun der COP30 erwaart de Conseiller am Ëmweltministère sech, dass et eng Ëmsetzungs-COP gëtt. Kloer wier an esou groussen multilaterale Verhandlungen aktuell de Wuerm dran. Dat léich virop un der geopolitescher Situatioun. Dass d'Amerikaner zum Beispill gesot hunn, si wieren eraus. Mee de ganze Prozess vun de Klimakonferenzen wier am Fong noweislech een Erfollegsmodell. Lëtzebuerg an d'EU bräichten de multilaterale Prozess fir net een Alleingang ze maachen. Amplaz maximal Fuerderungen oder e ganz grousse Masterplang ze maachen vun der Welt, geet einfach drëm fir erauszefannen wien e vernënftege Partner kéint sinn, erkläert den Thomas Schoos.
D'Klimafinanzéierung ass e wichtege Punkt fir d'COP30. Steet Lëtzebuerg hannert Initiativen wéi zum Beispill méi héich Taxen op fossille Brennstoffer, Taxe fir déi superräich oder Taxe fir Multinationalen? "Et ass eng komplizéiert Saach", äntwert do den Thomas Schoos. Grad den Ëmweltministère, deen op dëse Konferenze mat dobäi ass, hätt jo net d'Attributioun fir iwwer Steiergelder ze decidéieren. Et géif een awer mëttlerweil kucken, fir net just blann Steiergelder iergendwou ze investéieren, fir mat derbäi ze sinn. Et géing ee scho kucken, wéi een och d'Lëtzebuerger Finanzplaz kéint stäerken a wéi ee kéint Perspektiven opmaache fir d'Lëtzebuerger Ekonomie. "Well mir sinn eent vun deene ganz wéinege Länner, déi nach konsequent weidermaache mat hirer Politik. Déi net elo op Brems trëppelen. [...] Dat heescht, dat ass och eng Opportunitéit fir Lëtzebuerg am internationale Beräich, fir sech ze manifestéieren a fir Partnerschaften ze verdéiwen," esou den Thomas Schoos.
Den Thomas Schoos huet sech via Telefon live vu Bréissel gemellt a war net am RTL-Studio um Kierchbierg.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.