D'Konventioune mat der CNS - "ee vun eise staarke Punkten am Gesondheetswiesen"
E Freideg de Moie waren ënnert anerem de Gesondheetssystem an déi nei Findel Clinic Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D’Konventioune mat der Gesondheetskeess, der CNS, stéinge fir eng Verdeelungsgerechtegkeet an an Accès zur Medezin fir jiddereen. Dat sot d'Doktesch Monique Reiff e Freideg de Moien hei op RTL. Si ass Presidentin vum Syndicat Médecins salariés hospitaliers, deen d’Demarche vun der Dokteschassociatioun AMMD, fir d’Konventiounen ze kënnegen, net ënnerstëtzt.
D’Konventioune mat der CNS "sinn ee vun eise staarke Punkten am Gesondheetswiesen", esou d’Monique Reiff. Et wier de Solidaritéitsprinzip. Si kéint awer och de Frust novollzéien, well d'Tarification à l’acte géing alles ganz schwiereg maachen. Upassungen un der Nomenclature kéimen nëmme lues an d’Verhandlunge wieren ustrengend. Ee grousse Problem wier an hiren Aen, datt d’Zäit oder den intellektuellen Akt net géinge valoriséiert ginn.
Convenance personelle "fragwürdeg"
Trotzdeem ass d’Vertriederin vun de salariéierte Spidolsdoktere fir d’Konventiounen a fir si wier zimmlech kloer, datt d’AMMD wéilt Tariffer kënne froen, déi iwwert déi erausginn, déi d’Nomenclature hiergëtt. D’Gesondheetsministesch Martine Deprez sot eis en Donneschdeg, et géing keng Zwou-Klasse-Medezin ginn, mee d’Monique Reiff ass net ganz rassuréiert: "Et spiert sech awer esou un, ewéi wann d’Madamm Ministesch awer och deen een oder anere Kompromëss misst maachen."
Effektiv sot d’Ministesch eis, et kéint een iwwert d’Convenance personelle diskutéieren - en zousätzlechen Honoraire, deen Doktere kënnen iwwert den Akt eraus froen (nvdr: dozou gëtt et e Reportage e Freideg am Laf vum Dag). Déi Convenance personelle gëtt et schonn a wier der Doktesch no elo scho "fragwürdeg". Dat wier, ewéi wann ee "fir Suen" engem entgéint kéim, mee an der Medezin géing et drëm goen, engem séier entgéintzekommen, wann eng Noutlag besteet.
Investisseure sichen iergendwa Rendement
Fir d’Monique Reiff wier et scho "wichteg", datt verschidden Aktivitéite baussent de Spideeler gemaach ginn. Spideeler wiere méi komplizéiert, mee och well d'Medezin méi komplex gi wier an d’Ufuerderung u Qualitéit och. Deem misst een an den Antennen dann awer och Rechnung droen, fënnt d’Doktesch.
Beim Projet vun der Regierung fir Dokteschgesellschafte wier d’Monique Reiff rassuréiert, wann, esou wéi d’Ministesch sot, keng privat Investisseure sech kéinte bedeelegen. Etüde géinge weisen, datt bei deem Modell, deen et schonn am Ausland gëtt, den Investisseur dach iergendwann e Rendement sicht.
Weider Artikelen:
RTL-News: Gesondheetsminister Martine Deprez: Findel Clinic wier "en Immobilieprojet"
RTL-News: Zu Wickreng: Antenn fir de CHEM am GRIDX?
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.