"Ech si wierklech fir déi Zwee [Palästina an Israel]"
E Mëttwoch de Moie war d'Aussepolitik Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Wafferou am Noen Osten ass ganz fragil an hänkt un engem seidene Fuedem, huet e Mëttwoch de Moien den Ausseminister Xavier Bettel am RTL-Interview widderholl. Hien hätt awer heiansdo d'Gefill, datt jiddereen Argumenter sicht, fir d'Wafferou ze briechen. Den diplomateschen Drock an den Drock vun Amerika op Israel an op d'Hamas misste grouss bleiwen, fir datt se agehale gëtt a keng Eskalatioun kënnt. Nëmmen eng Zwee-Staate-Léisung géing e laangfristege Fridde garantéieren a wär déi eenzeg Léisung fir déi Géigend.
Den Haass géif op béide Säiten déif sëtzen. A wat de Konflikt méi laang dauert, datt den Haass méi grouss gëtt, warnt de Xavier Bettel. D'Leit géife mengen, et misst ee fir deen een oder deen anere sinn. "Ech si wierklech fir déi Zwee", huet de Lëtzebuerger Ausseminister ënnerstrach. Fir e palästinensesche Staat an en Israel, dat a Sécherheet kéint liewen. D'Leit sollte fir de Fridde sinn.
Am Ukrainkrich hätt ee gemierkt, datt op russescher Säit kee Wëlle fir Fridden do wier. De President Putin misst dowéinst méi isoléiert ginn. Net nëmme vum Westen, mä och vu Länner wéi China an Indien. Nëmmen da géif Russland noginn.
Pragmateschen a konstruktiven Ëmgang mat Amerika
Wat d'USA ënnert dem President Trump ugeet, ass den DP-Minister fir e pragmateschen a konstruktiven Ëmgang. De Mann wär gewielt an et kéint een net d'Relatiounen ofbriechen. Soss géif "de Gilles Roth mam Budget un d'Schleidere kommen". D'USA sinn de gréissten Handelspartner baussent der EU an dowéinst bräicht een dee Kontakt. Dat géif awer net heeschen, datt een alles akzeptéiere misst.
"Ech deelen null Prozent vu senger [Gérard Schockmel] Meenung"
Op de Meenungsartikel vum DP-Deputéierte Gérard Schockmel ugeschwat, sot de Xavier Bettel, dee jo och Vizepremier ass, datt dem Här Schockmel seng Positioun alles wier, wat hien net géif vertrieden. An der DP bräicht ee keng Lektiounen ze kréien iwwer Fraen.
Léiwer intern diskutéiere wéi Bréiwer schreiwen
Et wär problematesch, wa Männer soen, wat Frae sollte maachen. An d'Ofdreiwung wär eng vun de schwieregsten Decisiounen. Hie wéilt, datt garantéiert gëtt, datt een dat Recht oder déi Fräiheet huet. Driwwer ofzestëmmen, ob dat an d'Verfassung kënnt, wär eng Gewëssensfro. Wann hien anerer Meenung wär, géif hien et intern soen a keng Bréiwer schreiwen. Mä an enger demokratescher Partei ze soen: du däerfs keng aner Meenung hunn, dat géif och net goen. Fir hie wär deen Dossier awer elo zou. Et hätt ee mam Här Schockmel geschwat an deen hätt jo och eppes an der Chamber gesot.
D'DP ass jo den Ament op Tour duerch d'Land. Et hätt een zu Lëtzebuerg d'Tendenz, de Wieler 6 Méint oder souguer 3 Méint virun de Walen z'entdecken an dat wéilt d'DP anescht maachen an elo schonn – virun der Hallschent – de Kontakt mam Wieler sichen.
"Excellent" Vertrauensrelatioun mam Luc Frieden
An der Koalitioun wär d'Stëmmung gutt. D'Regierung Frieden-Bettel feiert de 17. November 2. Gebuertsdag. Et wär eng Koalitioun op Aenhéicht. Hien hätt eng Vertrauensrelatioun mam Premier Frieden, déi "excellent" wier. Et géif bal keen Dag vergoen, wou een net op d'mannst SMSe schreift oder telefonéiert. Meeschtens wär ee sech schonn eens, éier een iwwert e Sujet diskutéiert. Decisioune ginn zesumme geholl. Et gëtt kee Juniorpartner, sou de Xavier Bettel.
"Stellt Iech vir et wieren nëmme Bettelen do, da géifen d'Leit geckeg ginn"
Ass dat kee Problem, datt de Premier an de Vizepremier ganz verschidde sinn? Jo, mir hunn en anere Stil, äntwert den DP-Politiker. Wann een deen anere géif kopéieren, géifen d'Leit weder Frieden nach Bettel zréckerkennen. Hie wär e ganz spontane Mënsch, de Luc Frieden géif och vill iwwerleeën. "Stellt Iech vir, et wieren nëmme Bettelen do, da géifen d'Leit geckeg ginn", huet den Ausseminister gemengt. Zesummen duerch dem Luc Frieden säin Iwwerleeën an dem Xavier Bettel seng Spontanitéit géif e gemeinsame Mix a Cocktail erauskommen. An et wär eng "Éier, an der Regierung dierfen ze schaffen".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.