De Klimawandel mécht d'Saison méi kuerz, virun allem wéini se ufänkt respektiv ophält, ass ëmmer manner kloer.

Eis Éisträich-Korrespondentin Anja Gorge huet mat engem Tourismusexpert iwwer Klimawandel, déi nei Zort vu Besoine vun de Clienten an aktuell Präis-Strukturen am Tourismus ënnerhalen.
 

Korrespondenz aus Éisträich vum Anja Gorge

Wéinst den techneschen Entwécklungen an de leschte Joerzéngten am Ëmgang mat den Erausfuerderunge vum Klimawandel, zum Beispill Schnéikanounen, fuere mir haut op den normale Piste besser ewéi virun 50 Joer, seet den Tourismusdirekter vum Management Center Innsbruck, kuerz MCI, den Hubert Siller.
 
Och wa vill aner Aktivitéiten am Schnéi gebuede ginn, wéi d´Wanderen oder d´Schlittfueren, bleift de Skitourismus d’Haaptgeschäft an den Alpen. Wichteg wier et, sou de Chef vum MCI, dass virun allem an de Stied vun de Viralpegebidder d'Kanner Schifuere léieren, Och wann do kee Schnéi méi läit:

"Die größte Herausförderung im Wintersport wird wohl die Emotionalisierung bei jungen Leuten in urbanen Räumen sein – wo die Distanz zum Schnee tendenziell größer wird, also sprich aus Luxemburg oder dem Ruhrgebiet, wo auch Skifahrer herkommen. Wenn die Distanz zum Schnee zu groß wird, d.h. die Voralpengebiete, Flachlandgebiete, das Sauerland verloren gehen würden, dann ist es schon eine große Herausforderung, ob die Jugend dann frühzeitig mit dem Skisport beginnt.“
 
D’Nofro bleift also do, mee d’Erwaardunge vun de Gäscht ännere sech. Et geet ëmmer méi ëm Erhuelung, Natur a Gemittlechkeet wéi ëm Leeschtung a Sport. Zwou bis dräi Stonne gëtt gefuer an dann och d'Natur, déi frësch Loft an d'gutt Iesse genoss.

Beim Thema Nohaltegkeet bleift vill Theorie. An de Studie géif ee gesinn, dass d'Gäscht domat d'Propretéit an d'Trenne vum Offall verbannen, d'Majoritéit fiert awer ëmmer nach mam Auto an d'Schivakanz.
 
Finanziell muss de Wantersport accessibel bleiwen, seet den Expert.
"Eine große Herausforderung gerade im Wintersport ist, dass es leistbar bleibt. Es gibt Preismodelle, früher oder später buchen, dynamische Preisgestaltung hat auch im Alpenraum Einzug gehalten. Man will hier eher den Preis optimieren."
 
Zum Schluss betount den Siller, datt dës Géigenden net nëmmen Tourismus-, mee och Liewensraim sinn. D’Balance tëscht de Besoine vun Awunner a Gäscht muss och an Zukunft erhale bleiwen.