Ettelbréck klappt Steesel, Bartreng iwwerrennt d'Musel Pikes
© Emile Mentz (Archiv)
Um Samschdeg gouf an der Enovos League bei den Hären den 8. Spilldag gespillt.
Hären
D'Etzella Ettelbreck wënnt de Spëtzematch vum Spilldag auswäerts mat 85:71 géint d'Amicale Steesel. Dobäi hunn d'Gäscht ab Mëtt vum drëtte Véierel missen ouni de Profi Nicholas Davis auskommen, dee mat 5 perséinleche Feeler net méi huet dierfen op den Terrain. De Philippe Gutenkauf (27 Punkten) huet Verantwortung iwwerholl an d'Gäscht hu 14 Dräier getraff, doduerch konnt d'Etzella um Enn déi zwee Punkten mat heem
huelen.
Weiderhin ongeschloen ass d'Sparta Bartreng. Den Tabelleleader iwwerrennt d'Musel Pikes mat 102:52. D'Lokalekipp hat näischt entgéint ze setzen a konnt den Tempo vun de Bartrenger net matgoen, schonn an der Paus stoung et 27:57 aus Sicht vun der Lokalekipp. Max Logelin a Jarvis Williams hunn allebéid 20 Punkte markéiert.
Bescht Zeene vum Spilldag
D'Arantia Fiels wënnt auswäerts kloer mat 105:83 géint de Racing Lëtzebuerg. D'Gäscht hu 15 Dräier als Ekipp getraff, den Tyrell Sturdivant koum op 25 Punkten.
D'Résidence Walfer wënnt 99:86 géint den AB Conter, fënnef Spiller hunn zweestelleg gescort bei der Lokalekipp. Conter bleift als eenzeg Ekipp ouni Victoire dës Saison.
Beim T71 Diddeleng stoung de Yves Defraigne nees an der Verantwortung op der Trainerbänk, hie konnt doheem mat senger Ekipp 94:84 géint Mambra Mamer gewannen. 36 Punkte goungen op de Kont vum Jimmie Taylor bei der Lokalekipp. Bei de Gäscht huet mam Terry Winn en neie Profispiller matgespillt.
E Match mat geckege leschte Sekonnen hunn d'Supporter tëschent de Kordall Steelers an dem Basket Esch gesinn. Nodeems de Robertas Jonaitis, deen insgesamt op 32 Punkte koum, seng Ekipp vun der Fräiworflinn 100:99 a Féierung bruecht hat, hat Esch nach eng hallef Sekonn fir de Match ze dréinen. No zwee mëssgléckte Awërf vu béiden Ekippen hat de
Clancy Rugg d'Victoire an der Hand, säi Worf huet d'Zil allerdéngs net fonnt an d'Resultat huet net méi geännert.