Marc Goergen, Deputéierte fir d'Piratepartei
En Donneschdeg de Moie waren ënnert anerem de Sträit an der Piratepartei an déi politesch Aktualitéit Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Marc Goergen vun de Piraten ass iwwerzeegt, dass de Bréif vun de Gewerkschaften LCGB an OGBL un de Premier Luc Frieden Konsequenze wäert hunn - op mannst senger Meenung no misst hunn. Dora schreiwen d’Gewerkschaften, den Aarbechtsminister Mischo wier eng Fehlbesetzung. De Sozialdialog géif a Schierbele leien, an doru wär eeben och de Georges Mischo Schold, esou eisen Invité vun der Redaktioun.
Dem Deputéierte Marc Goergen no géif den Drock virun allem op zwee CSV-Ministere méi héich ginn: d‘Gesondheetsministesch Martine Deprez an den Aarbechtsminister Georges Mischo. Och hien hätt scho Wand dovu kritt, dass am Summer an der Regierung driwwer nogeduecht gi wär, Ministeren auszetauschen, wéi d‘Lëtzebuerger Land dat d‘lescht Woch gemellt hat.
De Pirat Marc Goergen hätt am Kontext vun der Rumeur awer héieren, dass CSV drop gehalen hätt, dass och en DP-Minister geet, sollt een aus den eegene Reien ausgetosch ginn. Domat wär d'DP net averstane gewiescht, wëll de Marc Goergen wëssen.
Fir hie wär op alle Fall kloer, dass d‘Regierung vum Luc Frieden sech iwwerschätze géing. Si kéint ouni Leit, ouni Gewerkschaften, näischt erreechen, scho guer net bei der Aarbechtszäitorganisatioun. Et wär aktuell eng ganz onstabil Situatioun.
D‘Pirate sinn a Punkto Pensiounsreform géint d'Hausse vu Cotisatiounen a Kierzunge vu Prestatiounen. Si setze sech fir eng Robotersteier an, fir Aarbechtsplazen ze besteieren, déi verschwanne wäerten.
De Marc Goergen huet dann och betount, dass de Sträit tëscht him an dem Grënner vun de Pirate Sven Clement sech berouegt hätt. Et wier wéi an engem Bestietnis, och do géif ee jo mol kräfteg streiden. Och hien hätt ferme Kritik ausgeüübt, wat en haut net méi esou géif soen, esou de Piraten-Deputéierte Marc Goergen.
An der MALT-Affär, déi dës Onroue bannent der Piratepartei lassgetrëppelt hat, enquêtéiert den europäesche Parquet. D‘nächst Joer géif de Prozess ufänken, hofft de Marc Goergen. D‘Pirate wéilten e Maximum un Transparenz.
Hie selwer hätt der Partei d‘Suen, déi hie geléint hätt, ouni ze zécken, wéi ofgemaach zeréckbezuelt, esou de Marc Goergen. Deen awer betount, dass duerch eng Reform vun de Statutte bei der Partei d‘Responsabilitéit elo eben op méi Persoune verdeelt wär, an net méi just beim Sven Clement géif leien.
Rezent hunn d’Piraten eng Motioun vun der ADR ënnerstëtzt, déi d’Verbuet vun de Verbrenner-Autoen 2035 réckgängeg maache wëllt. Et wier een net géint Elektro, ma d’Pirate géife sech fir manner Verbueter an der Gesellschaft asetzen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.