Invité vun der Redaktioun (30. Oktober) - Gérard Thein"Heiansdo musse mer eis och mat manner zefridde ginn" 

Annick Goerens
En Donneschdeg de Moie war dat jonkt Entreprenariat Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Gérard Thein
En Donneschdeg de Moie waren d’Lëtzebuerger Entreprisen Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Den neie President vun der Fédération des jeunes dirigeants zu Lëtzebuerg war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Ee Joer laang bleift de Gérard Thein un der Spëtzt vun dëser Federatioun an huet sech selwer als Motto ginn: “Lëtzebuerg, Europa, Betriber: Kënne mir bleiwen wat mir sinn?!” Den Direkter vun enger Bauentreprise zu Esch stellt sech allgemeng d’Fro, ob mer zu Lëtzebuerg zefridde si mat deem, wat mer hunn oder wëlle mer ëmmer nach méi? Eigentlech misste mer nämlech zefridde si mat deem, wat mer hunn: Fridden an oppe Grenzen. E séchert a stabilt Land mat ville Virdeeler. “Heiansdo musse mer eis och mat manner zefridde ginn.”

Gesonde Wuesstem

Natierlech géingen et och Chantiere ginn. Notamment misst de Grand-Duché méi nohalteg a gesond wuessen. Well aktuell hätt ee Verkéiersproblemer, de soziale Fridde wier net sou dat, den Ënnerscheed tëscht dem Ëffentlechen an dem Private wier ze grouss an och an de Spideeler an an der Educatioun misst et virugoen. Wat kann d’Politik maachen? Mat de verschiddene Leit schwätzen: Betriber, Gewerkschaften, d’Vollek - ouni Jalousie, sou de Gérard Thein. Et bräicht Resultater an dofir wier Courage gefuerdert, fir Decisiounen ze huelen, och ouni Bléck op déi nächst Walen.

Administrativ Chargen ofbauen

Fir d’Betriber wier déi administrativ Charge ee vun de gréisste Problemer, déi een huet. Natierlech bräicht et an enger Demokratie och eng gutt Bürokratie, mee ze vill, dat géing d’PMEen, also déi kleng a mëttelstänneg Betriber, futti maachen. Mat Bléck op säin eegene Betrib zu Esch misst onbedéngt administrativ Charge ewechgeholl ginn, dass een nees méi Spillraum an Handlungsfräiheet hätt, soss géing een och den Entrepreneursgeescht limitéieren.

Selbststännegkeet encouragéieren

Et soll een onbedéngt méi Jonker encouragéieren an d’Handwierk ze goen oder allgemeng Independant ze ginn. Natierlech géingen der vill léiwer eng sécher Plaz mat enger gewëssener Paie wielen amplaz e Risiko ze huelen. Leit, déi an nei Entreprise wëlle schafen oder och déi, déi Entreprisen iwwerhuelen, géingen dacks Angscht gemaach kréien an sech duerno natierlech d’Fro stellen “wëll ech dat do iwwerhaapt?”

Logementskris: Mir sinn nach net do eraus

Déi lescht 5 Joer wiere ganz schwéier gewiescht. No Covid wier ee quasi net méi aus der Kris erauskomm. Den Héichbau steet an am Déifbau, also Stroossen an aner Infrastrukturen, wieren d’Investissementer nach héich, well et tëscht 2010 an 2020 immens gutt gaange wier. Mee am Déifbau géinge mëttlerweil och ëmmer méi Aarbechter aus dem Héichbau landen an do léich ee mëttlerweil bei Präisser, déi ënnert dem Marchéspräis leien. Dat géing dozou féieren, dass verschidde grouss Entreprisen ëmmer méi grouss ginn an just e puer kleng Betriber kéinten donieft iwwerliewen. Vill mëttelgrouss Betriber géing verluer goen an och dat misst een evitéieren, well Lëtzebuerg bräicht déi Diversitéit.

En Donneschdeg de Moie war dat jonkt Entreprenariat Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO