Lëtzebuerg soll sech beim Klimaschutz net mat de schlechte Schüler vergläichen
E Freideg de Moie war de Klimawandel Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Mir mussen einfach eng Hoffnung do ronderëm opbauen, well et ass déi eenzeg Plaz, wou sech iwwer 190 Staate gesinn, fir iwwert de globalen Challenge vun der Klimakris ze schwätzen, sot e Freideg de Moien den David Hoffmann vu Votum Klima, en vue vun der nächster Weltklimakonferenz. D'COP30 fänkt den 10. November zu Belém a Brasilien un. D'Zivilgesellschaft erwaart sech eng decisiv COP an der Hoffnung, datt d'Länner sech bewosst ginn, wat fir Erausfuerderunge virun eis stinn. Den David Hoffmann weess awer selwer, datt d'Kaderbedéngunge fir den 30. Anniversaire vun der Weltklimakonferenz net einfach sinn.
10 Joer nom Paräisser Klimaschutzaccord ass de Geescht vu Paräis verflunn. Ëmmer méi politesch Acteure stellen déi wëssenschaftlech Evidenz vum Klimawiessel a Fro, Länner schrauwen hir Klimaschutzziler zréck a bréngen et nach ëmmer net fäerdeg, fir finanziell Zousoen un de globale Süden ze ginn. Vun all deem léisst sech de Responsabele vum politesche Plaidoyer bei der ASTM (Association solidarité tiers monde) awer net decouragéieren. Et wier hir Aufgab, fir sech anzesetzen. Den David Hoffmann setzt seng Hoffnung op der COP an déi Staaten, déi nach ambitiéis Ziler hunn. Si misste Leadership weisen an derfir suergen, datt Suen, Ënnerstëtzung an d'Zesummenaarbecht kommen.
"Klimaleader EU" enttäuscht
Ganz konkret hofft eisen Invité vun der Redaktioun, datt d'Länner nach emol hir national Ziler bei der Zäregasreduktioun verschäerfen. Dat wat aktuell um Dësch läit, géif net duergoen. Datt eng ganz Partie Länner, dorënner och d'Europäesch Unioun, Mol net den Delai agehalen hunn, fir hir national Ziler eranzereechen, fënnt den David Hoffmann "natierlech extrem enttäuschend". Hien hofft allerdéngs, datt sech d'europäesch Ëmweltministeren d'nächst Woch wéinstens op engem zousätzleche Conseil op e gemeinsaamt Tëschenzil bis 2040 eenegen. Den Ament gëtt déi geplangte Reduktioun ëm 90% vun den Zäregase bis 2040 par Rapport zu 1990 nämlech vu verschiddene Memberstaaten a Fro gestallt a méi Flexibilitéit gefrot.
Op d'mannst de Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes géif eng ambitiéis Positioun vertrieden. A Votum Klima hofft, datt Lëtzebuerg déi aner iwwerzeegt kritt. Ouni eng ambitiéis Klimapolitik, géif een nämlech iergendwann op en Zenario histeieren, an deem esouguer zu Lëtzebuerg d'wirtschaftlech Aktivitéit riskéiert, duerch de Klimawandel schwiereg ze ginn.
Lëtzebuerg erfëllt d'Finanzziler bei wäitem net
Den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes presentéiert Lëtzebuerg den Ament also gär als gudde Schüler beim Klimaschutz. Fir den David Hoffmann, bréngt et awer näischt, sech mat China oder den Amerikaner ze vergläichen, déi alles méi schlecht maachen. Vill méi misst de Grand-Duché vill méi Suen an de Grapp huelen. Fir den Ament géif Lëtzebuerg seng Finanzziler nämlech largement net erfëllen.
Symbolik vum Reebësch ass wichteg
Den Organisateur vun der COP30 Brasilien hätt sech leider schonn an eng Rei Kontroverse verstréckt, sou de Vertrieder vu Votum Klima um Radio. Notamment d'Wiel vu Belém am Amazonas, ouni déi néideg Logistik, gouf scho vill kritiséiert. Well et un Iwwernuechtungsméiglechkeete feelt, sinn d'Präisser explodéiert. Fir den David Hoffmann dierft een awer déi symbolesch Valeur vum Reebësch fir en Event wéi eng Weltklimakonferenz net ënnerschätzen.
Datt hien a Brasilien op d'Plaz reest, fir d'Zivilgesellschaft op der COP ze vertrieden, argumentéiert de Member vun der ASTM domadder, datt d'Zivilgesellschaft no dräi COP-Sommeten, wou se quasi komplett erausgehale gouf, hei Mol nees Drock kéint maachen a sech kéint zesummen dinn, fir op d'Delegatiounen anzewierken.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
 
                     
                     
                     
                    