Lëtzebuerg wéilt eng Virreiderroll bei der Energieeffizienz spillen, géif deem awer net gerecht ginn, esou de Mouvement Ecologique.

Am EU-Klimapak 20-20-20 ass virgesinn d'Energieeffizienz an Europa bis d'Joer 2020 ëm 20% ze verbesseren. Dat geschitt mat verschiddenen Instrumenter, wéi z.B. duerch d'Eropsetze vum Isolatiounsstandard fir Haiser, wou Lëtzebuerg seng Hausaufgabe ganz gutt gemaach huet, betount d'Blanche Weber vum Mouvement Ecologique.

Ganz anescht gesäit et awer bei der Ëmsetzung vun der Direktiv iwwert d'Energieeffizienz aus. Hei ginn d'Energieliwwerante verflicht tëscht 2015 an 2020 all Joer 1,5% Aspuerung vum nationalen Energieverbrauch z'assuréieren. Si sollen hir Clienten encouragéieren, manner ze verbrauchen, wat jo am Fong géint hir eegen Interesse geet. Dat kéint z.B. geschéien, andeems se hire Clienten ubidden, an eng méi spuersam Chaudière z'investéieren, a sech dann un deene Käschten ze bedeelegen.

AUDIO: Mouveco / Reportage Andy Brücker

Der EU-Direktiv no sollt all Zort vun Energie an déi Effizienzregelung agebonne ginn, souwuel Stroum, wéi och Gas, Mazout, Diesel, Bensin, Holz oder Kuelen... Zu Lëtzebuerg huet een awer all d'Ausname spille gelooss, déi d'Direktiv engem erméiglecht, a sou limitéiert ee sech hei just op Stroum a Gas wou agespuert soll ginn. Et dréckt een domat d'Zil vun 1,5% Aspuerung ëm 1/4 op just nach 1,125%.

Déi Betriber, déi sech dann elo un der Reduzéierung bedeelegen, sollen herno eng Kompenséierung kréien. Wéi déi ausgesäit, ass awer net kloer definéiert. Am Gesetzprojet ass et extrem schwammeg formuléiert, kritiséiert de Paul Polfer. Et ass awer unzehuelen, datt d'Käschten um Stroum an um Gas iwwer eng Taxe un all Client weider wäert ginn.

Et gëtt ëmmer nees op Reglement Grand-Ducalë verwisen, déi awer nach net virleien.

De Paul Polfer vum Mouvement Ecologique fuerdert dofir eng ganz Partie Verbesserunge vun de Gesetzpropositiounen, net nëmme vum Minister Etienne Schneider, mä och vun der zoustänneger Chamberkommissioun:

AUDIO: Extrait Paul Polfer - Mouveco

"Mir däerfen den Tanktourismus net kënschtlech erausrechnen, mir mussen all d'Energieträgeren an hir Fournisseuren an d'Flicht huelen, och déi aus dem Transportsecteur, mir mussen all déi Méiglechkeeten, déi d'EU-Direktiv jo gëtt, an déi Gesetzprojeten eranhuelen a mir mussen d'Ausféierungsreglementer, also d'Règlements grand-ducaux, virleien hunn, iert d'Chamber kann iwwert dës Gesetzprojeten ofstëmmen."

Lëtzebuerg wéilt eng Virreiderroll bei der Energieeffizienz spillen, géif deem awer net gerecht ginn. D'Energieeffizienz misst an de fir Juni geplangten Orientéierungsdebatten am Parlament en Haaptthema sinn, sou nach déi Responsabel vum Mouvement Ecologique.